An eiser Artikel-Serie “3 Froen un …” loosse mir Experten direkt zu Wuert kommen. Dës Kéier sinn et d’Membere vum Bureau exécutif vun der CNEL, dem nationale Schülercomité.

Source : CNEL
3 Froen un d’CNEL
Lire le résumé en français
Avec 2 délégué·e·s par lycée, la CNEL représente tous les élèves du Luxembourg au niveau national. Son but : défendre les intérêts des élèves auprès du ministère et des institutions.
Elle agit à travers :
-
des réunions régulières,
-
des groupes de travail sur des sujets clés,
-
un bureau exécutif de 5 membres élus.
Pour bien vivre ton année scolaire, la CNEL te conseille :
-
de t’organiser et revoir tes cours un peu chaque jour,
-
de dormir suffisamment pour bien pouvoir te concentrer,
-
de trouver ton moyen de te détendre (sport, engagement…),
-
et de penser à au moins une chose positive par jour 🙂
Envie de t’engager ? Contacte la CNEL : info@cnel.lu
1. Wat ass d'CNEL?
D’Conférence nationale des élèves du Luxembourg (CNEL) vertrëtt d’Meenung an d’Interesse vun alle Schüler·innen aus de lëtzebuergesche Lycéeën.
Si besteet aus 2 Vertrieder·innen aus all Schülercomité am Land – zesummen d’Stëmm vun iwwer 41.000 Schüler📣 Si kann also als nationale Schülercomité ugesi ginn.
D’CNEL setzt sech dofir an, d’Stëmm vun de Schüler vis-à-vis vum Ministère an anere wichtege Plazen héierbar ze maachen. Si schafft a Kommissioune mat, ënnerstëtzt d’Schülercomitéen a lancéiert gemeinsam Projeten.
Fir dat ze erreechen, huet d’CNEL 3 Haaptinstrumenter:
- Sëtzungen, wou all Lycée vertrueden ass.
- Aarbechtsgruppe bei wichtegen Themen.
- De Bureau exécutif, gewielt all 2 Joer, deen d’Aarbecht koordinéiert.
2. Firwat solls du matmaachen?
Well s du eppes wëlls beweegen!
D’CNEL ass e super Wee,
- fir Demokratie an de Lycéeën ze liewen,
- deng Meenung ze deelen, a
- Verännerunge matzesteieren.
Et ass och eng flott Erfarung: Du léiers aner engagéiert Schüler·inne kennen, schaffs zesummen u konkrete Projeten a setz dech fir eng besser Schoulwelt an.
3. Är Tipps fir d'Schouljoer?
🧠 Gutt Organisatioun ass de Schlëssel – fann deng Method, plang däin Dag, a widderhuel reegelméisseg.
😴 Schlof net vergiessen! E stabile Schlofrhythmus hëlleft bei der Konzentratioun.
🧘♀️ Fann deng Relax-Technik – ob Musek, Sport oder einfach mol frësch Loft.
🤝 Engagéier dech – am Schülercomité, Club oder Scouten: Du léiers vill dobäi an hues en Ausgläich zum Schoulstress.
💬 A ganz wichteg: Denk all Dag un eppes Positives 🙂




