Source : move.

3 Froen u move. – de Jugendgrupp vum Mouvement Ecologique

10/06/2021

An eiser Artikel-Serie “3 Froen un …” loosse mir Experten oder Organisatiounen direkt zu Wuert kommen. move. ass de Jugendgrupp vum Mouvement Ecologique.

Wat ass ``move.`` genee?

move. ass de Jugendgrupp vum Mouvement Ecologique, deen sech fir eng zukunftsorientéiert an ëmweltbewosst Gesellschaft asetzt. D’Zil ass, datt d’Stëmm vun der jonker Generatioun och gehéiert gëtt! Themeberäicher vu move. sinn enk mam Ëmweltschutz verbonnen: Klimawandel, Naturschutz, Globaliséierung, Mobilitéit, Wunnen, Landwirtschaft, Matbestëmmung, Schoul oder grenzelose Konsum sinn alles Themen déi bei move. behandelt ginn. Wat move. ausmëscht, ass ee flotte Grupp, wou jiddereen d’Méiglechkeet huet sech anzebréngen, zesumme verschidde Projeten ëmzesetzen a gemeinsam Ziler ze verfollegen.

Wéi kënne Jonker bei iech matmaachen?

Bei move. kann all Jonken tëschent 14 an 28 Joer deelhuelen, dëst ouni mussen iergendee Virwësse matzebréngen. Dat eenzegt, dat ee matbrénge muss, ass Loscht a Freed un der Zesummenaarbecht mat anere Jonken an Interessi un. Mir treffen eis all Woch, diskutéieren, entwéckelen Iddien a Projeten, tauschen eis aus. Dës Versammlunge sinn oppe fir jiddereen a fannen aktuell ofwiesselend online (via Zoom) an en présence am Oekozenter (Am Pafendall an der Stad) statt.

Wat motivéiert di Jonk? Engagéiert een sech fir sech ze amuséieren oder fir eppes bäizeléieren?

Natierlech béides! Fir eppes kënnen ze erreechen, ass ee staarke Grupp ëmmer ganz wichteg, a wann een zesumme Spaass huet, da kommen och déi bescht Projeten derbäi eraus. Mee och neies ze léieren ass ganz wichteg. Bei move. léiert een net just vun externen Experten oder laangjäreg engagéierte Membere vum Mouvement Ecologique, mee och ganz vill selwer am Grupp.

Och nei Erfarungen ze sammelen ass ee wichtege Bestanddeel, an dofir bitt move. vill Geleeënheeten: Als Moderator am Radio eng Episode vun eisem Podcast « Um Comptoir » ze moderéieren, een Artikel fir eisen Online-Guide « moveapproved.lu » ze recherchéieren an ze verëffentlechen, mat internationale Politiker*innen ob enger vun eise Visionäre-Konferenzen ze diskutéieren oder awer einfach un enger Excursioun raus an d’Natur deel ze huelen.

Di 2 wichtegst Projete vun move.:

  1. Am intergenerationelle Podcast « Um Comptoir » diskutéieren di Jonk vu move. an engem lockere Format wichteg Zukunftsfroe mat verschiddenen Experten. Du fënns dëse Podcast op Spotify an um Radio Ara.
  2. Ufank 2021 huet move. den éischte lëtzebuergeschen Online-Guide fir en nohaltege Lifestyle erausbruecht. A 5 Kategorien ginn Adresse virgestallt, déi ee besonnesche Fokus op Nohaltegkeet leeën. Dëse Guide fënns du ënnert move approved um Site. move. sicht och ëmmer no motivéierte Partner fir de Guide op weider Regiounen auszewäiten.

FR

Chez move., tous les jeunes entre 14 et 28 ans peuvent s’engager. Tout ce qu’il te faut, c’est l’envie de travailler avec d’autres jeunes.

move. est la section jeunes du Mouvement Écologique. Le groupe s’engage pour une société tournée vers l’avenir et qui respecte l’environnement. Leurs thèmes incluent le changement climatique, la protection de la nature, la globalisation, la mobilité, le logement, l’agriculture, la participation, l’école ou encore la consommation démesurée.

Les jeunes s’engagent auprès de move. pour faire de nouvelles expériences tout en s’amusant. Le groupe se réunit chaque semaine à l’Ökozenter à Luxembourg-Pfaffenthal ou en ligne.

Deux projets actuels de move. sont leur podcast intergénérationnel Um Comptoir sur Spotify et Radio Ara, ainsi que leur guide en ligne moveapproved.lu.

Est-ce que cet article a été utile ?

Autres articles