
Source : Service de médiation scolaire: (vlnr) Carla Oliveira, Assistentin vum Schoulmediateur, Lis de Pina, Schoulmediateur, an Yves Marchi, Assistent vum Schoulmediateur
3 Froen un d’Schoulmediatioun
Lire le résumé en français
La médiation scolaire a comme mission principale de régler les désaccords entre les élèves (respectivement leurs parents) et les écoles.
Le service de médiation scolaire s’occupe des réclamations qui concernent :
- le maintien à l’école d’un élève menacé par le décrochage scolaire,
- l’inclusion d’un élève à besoins éducatifs particuliers,
- l’intégration d’un élève issu de l’immigration, qui ne dispose pas des compétences linguistiques nécessaires pour suivre l’enseignement régulier.
Le service de médiation scolaire ne peut intervenir qu’après que tous les autres essais pour trouver un accord n’ont pas aboutis.
Pour adresser une réclamation à la médiation scolaire, remplissez svp. un formulaire en ligne.
La médiation scolaire est une service indépendant du ministère de l’Éducation et respecte la confidentialité de ses échanges avec les élèves ou les parents.
1. Wat ass de Schoulmediateur?
De Schoulmediateur këmmert sech ëm Är Reklamatioun, wann se sech op eng vun dësen Aufgabe vun der Schoul bezitt:
- Schüler an der Schoul halen, déi riskéieren d’Schoul ofzebriechen an ouni Qualifikatioun de Schoulsystem ze verloossen;
- Schüler, déi pädagogesch besonnesch mussen ënnerstëtzt ginn, an de System abannen (Inklusioun);
- Schüler mat Migratiounshannergrond integréieren.
2. A wat fir enge Fäll kann d'Schoulmediation mech ënnerstëtzen?
Dir kënnt de Schoulmediateur eréischt mat der Saach befaassen, wann Dir scho probéiert hutt, mat de betraffenen Acteuren eng Léisung ze fannen, et awer net zu enger Eenegung koum.
Dës Acteure kënnen zum Beispill an der Grondschoul de Schoulmeeschter oder d’Léierin resp. de Regionaldirekter sinn, am Lycée de Régent oder den Direkter, an engem spezialiséierte psycho-pädagogesche Kompetenzzentrum den Haaptzoustännegen oder den Direkter.
Haalt schrëftlech déi wichteg Punkten an Date vun Ärem Austausch fest, fir datt de Schoulmediator dat kann nokucken.
3. Wéi kann ech mech un d'Schoulmediatioun wenden?
Dir fëllt en Online-Formular aus, deen Dir dem Schoulmediateur per Bréifpost oder E-Mail schéckt.
Wann de Schoulmediateur Är Reklamatioun zeréckbehält, da freet e bei der Schoul oder dem betreffende Service no, fir déi néideg Informatiounen zesummenzekréien.
D’Haaptuleies vum Mediateur ass et, initial Meenungsverschiddenheeten am Gudden an op eng gerecht Aart a Weis ze léisen. Wann noutwenneg oder wann déi eenzel Parteien dat gär hätten, organiséiert en en Treffen. E kann, falls néideg, Recommandatioune formuléieren, déi en Iech an der Schoul resp. dem concernéierte Service matdeelt.
D’Direktioun vun der Schoul oder dem concernéierte Service informéiert de Mediateur iwwer d’Entwécklung vun der Situatioun no der Interventioun bannent engem Délai, deen de Mediateur festgeluecht huet. Dës Informatioune kritt Dir matgedeelt. Ass d’Frist ofgelaf a gouf et keng befriddegend Äntwert resp. ass guer näischt geschitt, informéiert de Schoulmediateur de Minister, deen dann eng Decisioun hëlt.
Wann de Mediateur der Meenung ass, dass Är Demande d’Critèrë vun enger schoulescher Mediatioun net erfëllt, deelt en Iech schrëftlech seng Begrënnung mat.