Quelle : BEE SECURE
3 Froen u BEE SECURE
Deutsche Zusammenfassung lesen
Das Ziel von BEE SECURE ist es, vor allem Kindern und Jugendlichen aber auch Erwachsenen den sicheren Umgang mit dem Internet und den sozialen Medien näher zu bringen. BEE SECURE ist eine Initiative der luxemburgischen Regierung und wurde 2010 ins Leben gerufen.
BEE SECURE hat 4 Handlungsschwerpunkte:
- Meldung illegaler Inhalte
- Sensibilisierung und Information
- Orientierung und Beratung
- Monitoring
Die digitale Welt ist nicht mehr wegzudenken, daher ist es wichtig, dass Kinder und Jugendliche lernen, sicher mit Geräten wie zum Beispiel Smartphones und dem Internet umzugehen.
Die 3 Kernbotschaften von BEE SECURE lauten wie folgt:
- Das Internet vergisst nicht!
- Das Internet ist keine Zauberei!
- Du kannst dich schützen!
Mit der Helpline und Stopline versuchen BEE SECURE gegen Cybermobbing, Hass im Internet, E-Crime und andere illegale Inhalte zu kämpfen.
Finde mehr über BEE SECURE heraus unter: www.bee-secure.lu
BEE SECURE ass eng Initiativ vun der lëtzebuergescher Regierung, déi 2010 an d’Liewe geruff gouf. D’Zil ass et de Kanner an de Jonken, awer och den Elteren, Erzéier∙innen, Enseignanten a Senioren de sécheren Ëmgang am Internet an op de soziale Medie méi no ze bréngen. BEE SECURE gëtt vum SNJ (Service National de la Jeunesse) a vum Kanner-Jugendtelefon (KJT) geréiert. Des Initiativ ass net nëmmen en reng nationale Projet mee en ass och um europäesche Plang mat änleche Strukturen aus anere Länner vernetzt.
BEE SECURE ass a 4 Pilieren opgedeelt:
1. Mëlle vun illegalem Inhalt
Helpline
Op den 8002 1234 ka jidderee gratis an anonym uruffen. Hei kriss du eng vertraulech Hëllef, Informatiounen am Beräich vun der Online Sécherheet, zum Beispill am Zesummenhang mat Cybermobbing, Dateschutzrechter, Computerschutz, etc. Du hues also op e komesche Link geklickt oder eng suspekt E-Mail kritt da ruff d’Helpline vu BEE SECURE un.
Stopline
Illegal Inhalter kënne bei der BEE SECURE Stopline gemellt ginn. Inhalter ewéi Terrorismus, Rassismus, oder all aner Aart vun diskriminéierende Contenue kënnen hei gemellt ginn. Eng Professionell Ekipp analyséiert dës Inhalter a leet se da virun un d’Autoritéite.
2. Sensibilisatioun a Informatiouns Aarbecht
- Formatioune fir Erzéier∙innen, Enseignanten
- Elterenowenter
- Training a Grondschoulen, Lycéeën, Maison Relais a Jugendhaiser
- Verëffentlechung vu Flyer, Broschüren a Guiden iwwer spezifesch Theemen (Print an Onlineformat)
- Presenz op de Soziale Medie mat Sensibiliséierungscampagnen
3. Orientatioun a Berodung
4. „Veille“
De Jeff Kaufmann erkläert:
„Safer Internet“ ass e wichtegt Theema a gëtt och ëmmer méi an de Schoule behandelt. Enner anerem gouf am September 2021 e Pilotprojet lancéiert; e néit Fach fir 7ième Klassen: „Sciences Numériques“. An dësem spezifesche Fach ginn Theeme ronn ëm den Internet traitéiert.
Et ass wichteg datt d’Kanner a Jonker dës „Skills“ mat op de Wee kréien. Vun engem Puppelchen den haut op d’Welt kënnt, gëtt et bestëmmt an den nächste 24 Stonne schonn eng Foto um Internet. Dës Date ginn iwwert Jore gesammelt.
Och d‘Notzungszäite ginn tendenziell an d‘Luucht. Vill Eltere mee och Jonker stellen sech d‘Fro wéi vill Zäit se virum Ecran verbréngen. Zu dësem Thema huet BEE SECURE eng Sensibiliséierungscampagne gestart: Superuser, wéi connected bass du?
Fann et op superuser.lu raus.
Theema Nummer 1 bei de Jonken ass Haass um Internet. Säit Joren ass dëst en Sujet deen déi Jonk am meeschte beschäftegt:
- Cybermobbing
- Belästegungen um Internet
- Angscht am Internet blesséiert ze ginn oder Angscht vu WhatsApp Gruppen ausgeschloss ze ginn. Dëst ass esou ze soen en „Evergreen“ Problem, datt eenzegt wat ännert sinn d’Plattformen. War et nach virun 5 Joer op Facebook, esou ass et elo haaptsächlech a WhatsApp Gruppen. Virun allem wärend der Pandemie, sinn esou Virfäll op Plattformen ewéi Micorsoft Teams heefeg gemellt ginn.
Wat een dogéint maache kann:
- Du kanns esou Virfäll bei der Helpline mëllen oder no Berodung froen
Et ass wichteg ze wëssen datt um Internet net alles erlaabt ass! Haass um Internet ass strofbar.