Et ass net einfach hautdesdaags e Jonken ze sinn! D’Pandemie huet däi Wuelbefannen an deng psychesch Gesondheet beaflosst? Du stells dir Froen iwwert deng Zukunft? Fir d’ Diskussioun iwwert mental Gesondheet ze fërderen a fir dir ze weisen, dass du net eleng bass mat all denge Froen, lancéiere mir eise Podcast.
Iwwert wat wäerte mir schwätzen ?
T’ ass kloer: mental Gesondheet a Wuelbefannen. Mee och iwwert wéi et ass, haut e Jonken ze sinn, iwwert Aarbecht, Schoul, Fräizäit, Medien, …. Mir wëllen DIR eng Stemm ginn, sief et als « Guest » bei enger Episode fir deng Meenung an deng Erfarungen ze deelen , oder fir eis en Thema virzeschloen dat dech interesséiert.
Wat wëlle mir bäidroen a matbréngen? Den Tabu ronderëm mental Gesondheet briechen, gutt Laun, en oppen Ouer, mee och praktesch Rotschléi vun Experten, déi ons jee no Episode wäerte begleeden.
De Podcast adresséiert sech un Jonker tëschent 16 a 25 Joer, mee och un all déi, déi mat Jonke schaffen an sech fir mental Gesondheet interesséieren.