
Quelle : CANVA
Mir siche jonk Aktivisten/Aktivistinnen!
Bass du e jonken Aktivist oder eng jonk Aktivistin? Oder wëlls du een oder eng ginn? Du bass tëschent 18 an 22 Joer al oder kriss deng 18 Joer am August 2023?
05/07/2023
Mir sinn op der Sich no engem Jonken/enger Jonker deen oder déi motivéiert ass, Aktivist/in an Ambassadeur/rice ze gi fir d’Wichtegkeet vum Wiele goen ze promouvéieren!
Als Member vum „Pool of Young Activists“ fir de Projet EUinForm – Young Voters, kriss du d’Geleeënheet Kompetenzen z’entwéckele wéi d’Verdeedegung vun de Rechter, Campagnen z’erstellen, dech mat anere Jonker mat de selwechten Interessen ze vernetzen an eppes an denger Communautéit ze bewierken!
Interesséiert?
Avantagen
- Engagéier dech bei der Gestaltung vun der europäescher Demokratie a bewierk eppes fir jonk Mënschen an der Communautéit.
- Eegen dir Fäegkeeten a „Peer-to-peer Advocacy a Campaigning” un.
- Léier, wéi s du en Ambassadeur a Multiplikator fir d’Jugendinfo a besonnesch fir Informatiounen zu den Europawale gëss.
- Léier aktiv jonk Mënschen an dengem Alter aus ganz Europa kennen.
- Du kriss eng Empfeelung, déi deng Participatioun um Projet confirméiert.
Wie ka sech mellen?
- 2024 muss dat éischt Joer sinn, an deem du d’Recht hues, bei den Europawalen deelzehuelen an du muss am August 2023 mindestens 18 Joer al sinn.
- Du muss gutt Engleschkenntnisser hunn.
- Du muss de 7. September 2023 tëschent 18 Auer an 20 Auer Zäit hu fir um Preparatiounsmeeting online deelzehuelen. Du muss och vum 18. bis den 23. September disponibel si fir un der Formatioun a Spuenien (Rees- an Ënnerbréngungskäschte gi komplett iwwerholl) deelzehuelen. De ganze Projet leeft vu September 2023 bis Mee 2024, an deem Joer muss du disponibel si fir bei verschidden Aktivitéiten kënne matzemaachen.
Wéi gesäit däin Engagement aus?
- Léier an enger éischter Phas aner jonk Participantë kennen, tausch dech aus a verschaf dir en Iwwerbléck iwwert de Projet.
- Huel aktiv deel un der Formatioun a Spuenien wou s de méi iwwert d’Jugendinfo, de Peer-to-Peer Usaz an d’Grondlage vun der Interessevertriedung a Lobbyaarbecht léiers.
- (Bei Interessi) Bedeeleg dech bei der Erstellung vu Campagnebiller an Interviewe mat Europa-Deputéierter.
- An Zesummenaarbecht mat eis, der ANIJ, eng Infoveranstaltung fir Jonker organiséieren iwwert d’Wichtegkeet vun den Europawalen.
Est-ce que cet article a été utile ?
Ton feedback nous aide à produire des contenus adaptés à tes demandes.