Girls Night Out: Tëscht Party a Panik
Sech zesumme fäerdeg maachen, seng Angscht virum Rausgoen iwwerwannen, d’Nuecht duerch danzen oder och gewësse Leit aus dem Wee goen: Et gi gutt a schlecht Säite vum Rausgoen. Et ass net ëmmer einfach sech beim feiere sécher ze fillen oder sech vu sengen Ängscht ze befreien. D’Laura an d’Tania erziele vun hiren Erfarungen.