
Tâches à remplir
Am Kader vun der ICILS-Etude (International Computer and Information Literacy Study) 2023 sicht de Ministère de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse fir den Zäitraum vum 3. Juli bis 28. Juli 2023 Studenten fir eng Coding/Scoring Tâche.
(Weider Informatiounen zur Etude : www.iea.nl/studies/iea/icils/2023)
Aufgaben:
Am Kader vun der ICILS-Etude 2023 goufen 6e-Klassen an de Lëtzebuerger Lycéeën getest. D'Äntwerte vun dëse Schüler musse manuell codéiert ginn anhand vum internationale Codéier-manual.
Är Aufgaben:
- Deelhuelen un de Formatiounen zu den verschidde Module
- Codéiere vun den oppen Äntwerte vun de Schüler op Däitsch, Franséisch an Englesch
- Codéiere vun den erstallte Pouster/PowerPoint Presentatioune vun de Schüler op Däitsch, Franséisch an Englesch
- Reegelméissegen Austausch mam Codéier-Team bei Froen, Zweiwelen mam Code, asw.
- Vertraulechen Ëmgang mam Codéier-material
En Aarbechtsdag dauert 8 Stonnen inklusiv 1 Stonn Mëttespaus. D'Aarbechtsplaz ass um EduPôle zu Walfer (fréier Uni). Den Aarbechtsdag fänkt zu enger fester Zäit un, an ass fir dat ganzt Codéier-Team d'selwecht.
Viraussetzungen:
• Student/in mat mindestens den Diplôme de fin d’études secondaires (1ère)
• gutt Sproochekenntnisser : Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an Englesch
• genau a präzis sinn
• pénktlech a seriös sinn
• Erfarung am Codéieren ass e Virdeel, awer keng Grondviraussetzung
Bezuelung:
Studenteloun (Vollzäit)
Kontakt:
Sollt Dir Interessi un dëser Aufgab hunn, da schéckt w.e.g ären CV bis spéitstens 11. Juni 2023 per Mail un . Fir Nofroe kënnt Dir eis och gäre schreiwen.