
Tâches à remplir
Schaffs du gären an der Natur? Da komm bei eis op de Stauséi schaffen an erlief eppes Neits! Mir sichen:
Mataarbechter (m/w) fir d’Location vu Canoë, Gedrénksverkaf an d’Keesaarbecht.
Deng Aufgaben:
• Clienten hëllefen an Equipement fir Canoë verdeelen
• Gedrénks verkafen an d’Kees managen
• Mat engem Laachen eng flott Experienz fir d’Clienten suergen
Profil gesicht:
• Minimum 18 Joer
• Sproochen: Lëtzebuergesch oder Däitsch, Franséisch an Englesch
• Rettungsschwëmmer? Super, awer net obligatoresch
• Motivéiert, flexibel a gär am Team schaffen
Wat mir bidden:
• Kontrakt vu Mëtt Mee bis Enn September 2025
• Aarbechtszäiten: 6-8 Stonnen den Dag, flexibel Zäitpläng
• Eng spannend Aarbechtsatmosphär an der Natur
• Méiglechkeet, Erfarung am Fräizäit- a Tourismusberäich ze sammelen.
Scheck eis däi Motivatiounsbréif mat rezenter Foto a Lieweslaf per Mail op:
Les Auberges de Jeunesse Luxembourgeoises
recrutement@youthhostels.lu