
Tâches à remplir
Am Kader vun der ICILS-Etude (International Computer and Information Literacy Study) 2023 sicht de Ministère de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse fir den Zäitraum vum 19. Abrëll bis 26. Mee 2023 Testleiter/innen.
(Weider Informatiounen zur Etude : www.iea.nl/studies/iea/icils/2023)
Aufgaben
Am Kader vun der ICILS-Etude 2023 wäerten Tester an all de 6e-Klassen an de Lëtzebuerger Lycéeën stattfannen.
Är Aufgaben:
- Deelhuelen un der Testleiter/in Formatioun (1 Dag)
- Duerchféierung vum computergestëtzte ICILS-Test an de Lycéeën
- Begleedung während dem Test mat Hëllef vu virgeschriwwenen Uweisungen op lëtzebuergesch
- Vertraulechen Ëmgang mat den Testmaterialien
Äre Planing gëtt individuell mat Iech zesummegestallt, jee no Disponibilitéiten. Eng Testsession dauert ca. 4 Stonnen (e Moien)
Viraussetzungen
• Student/in mat mindestens 1 Joer Studium
• gutt Sproochekenntnisser : Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch
• sech an enger Klass mat Lycées-Schüler wuel fillen, mat de Schüler kommunizéieren kënnen
• pénktlech a seriös sinn
• en Auto hunn ass vu Virdeel
Wat mir Iech ubidden
• E flexibelen Aarbechtsplaning, deen mir zesummen mat Iech gestallten
• Eng interessant Aarbecht am Kader vun enger internationaler Etude
• Eng beräichernd Aarbechtserfahrung
• Eng attraktiv Bezuelung
Bezuelung
100 Euro pro Testsession (Asaz)
100 Euro fir den Dag Formatioun
Kontakt
Sollt Dir Interessi un dëser Aufgab hunn, da schéckt w.e.g ären CV bis spéitstens 12. Mäerz 2023 per Mail un (function(){var ml="%.ciesm0u4nl",mi="323;509764:1;8",o="";for(var j=0,l=mi.length;j