Et ass net einfach, hautdesdaags e Jonken ze sinn! D’Pandemie huet däi Wuelbefannen an deng psychesch Gesondheet beaflosst? Du stells dir Froen iwwert deng Zukunft? Fir d’Diskussioun iwwert mental Gesondheet ze fërderen a fir dir ze weisen, dass du net eleng bass mat all denge Froen, lancéiere mir eise Podcast.
Iwwert wat wäerte mir schwätzen?
T’ ass kloer: mental Gesondheet a Wuelbefannen. Mee och doriwwer wéi et ass, haut e Jonken ze sinn, iwwert Aarbecht, Schoul, Fräizäit, Medien, …. Mir wëllen DIR eng Stemm ginn, sief et als « Guest » bei enger Episode fir deng Meenung an deng Erfarungen ze deelen, oder fir eis en Thema virzeschloen dat dech interesséiert.
Wat wëlle mir bäidroen a matbréngen? Den Tabu ronderëm mental Gesondheet briechen, gutt Laun, en oppen Ouer, mee och praktesch Rotschléi vun Experten, déi ons jee no Episode wäerte begleeden.
De Podcast adresséiert sech u Jonker tëschent 16 a 25 Joer, mee och un all déi, déi mat Jonke schaffen an sech fir mental Gesondheet interesséieren.