Entdeck Podcasts made in Luxembourg – Fir datt’s du den Iwwerbléck behäls, hunn mir eng Lëscht fir dech zesummegestallt. Vill Spaass beim Lauschteren!

Source : Shutterstock
Podcasts op Lëtzebuergesch
07/06/2021
Vu Jonken
- Erklär an Laach: « Zimlech iwwerflëssege Podcast, mee dofir eemol d’Woch. Mat den dräi Idioten vun Duck Féiss. »
- Gëlle Fro: « Lëtzebuerg huet an der Kulturszen, wei och am Sozialen vill ze bidden – dat fannen den Tom an de Philippe och. Wisou also net mat deenen Leit schwätzen? All Woch invitéiert de Podcast ‚Gëlle Fro‘ eng Lëtzebuerger Perséinlechkeet an den Gruppetto, mat der se sech iwwert hier Passiounen ënnerhalen, zesummen gecksen an och mol e kale Béier mateneen drénken. An wien weess, villäicht setzt och geschwënn eng Kéier de Grand Duc um Podcast-Mikro. »
- Ham, Fritten an Zaldot: Méi Lëtzebuerg geet net. Den extrem seriö’en Podcast vum Pierre Jans a vum Matthias Kirsch.
- Schaarfen Ueleg (Eldoradio): « Fir dem Chris an dem Julie hire Podcast brauch dir iech net waarm unzedoen, « schaarfen Ueleg » dreift iech och esou d’Schweesspärelen op d’Stir. Fir all Folleg si mir op der Sich no skurrillen, interessanten an aussergewéinleche Mënschen, déi eppes ze zielen hunn. Mir stellen déi Froen, déi eis op der Zong brennen. »
- Hei elei lauschter lo: Podcast vum a mam Ben Olinger & David Winter
- Paus. Podcast by Jill & Yannick
- Happy Hippo : Podcast by Happy Hippo
- Iwwert de Mond gefuer : « Am Podcast Iwwert den Mond gefuer diskutéieren den Ayko, den Jo, den Kéis an den Mike iwwert déi alldeeglech Topegkeeten déi jiddereen vun eis erlieft. »
- Ziel du mir! Jonk Sozialiste zu Lëtzebuerg : « Politescht Gepoters vu JonkSozialisten iwwert dëst an dat mat verschiddenen Acteuren zu verschiddenen Themen. »
- Podcats: « Dat ass kee Schreiffeeler. Mir schwätzen iwwer Lëtzebuerg jensäits vum Lampertsbierg, iwwer Pläng B an dat meeschtens ongefiltert Liewen. »
- Ceci, do you love me? : « Lëtzebuerg ass eng Bubble, oder? A genau aus där Bubble well ech iech mat dësem Podcast rausbréngen. Ech schwätzen a diskutéiere mat interessante Leit, déi out of the Box denken an net onbedéngt dat gemaach hunn, wat d’Gesellschaft vun hinne verlaangt huet. Mäin Ziel ass et, iech Themen a Persounen ze präsentéieren, déi dir normalerweis net sou um Schierm hutt – D’Gespréicher an Iddien sollen inspiréieren, motivéieren an Horizonter erweideren. Dobausse gëtt et vill méi wéi dir denkt! »
- Loscht op Mord (Eldoradio) : Een True Crime Podcast op Lëtzebuergesch. « De Charel an d‘Julie presentéieren iech déi spektakuläerst a spannendst Kriminalfäll aus aller Welt. An den eenzelen Episode gëtt d’Geschicht ronderëm dës Mordfäll an hir Affer opgerullt. Mee si kucken och ëmmer nees op d‘Täter, a wéi si hir Dote begaangen hunn. An all Episod widmen déi Zwee sech engem anere Fall, bei dem si sech op Fakte ronderëm dëse beruffen, a loossen dobäi awer och hir eegen Usiichten an Interpretatiounen mat afléissen. »
Thematesch Podcasts
Ëmwelt an global Zesummenhäng
- move podcast: « Um Comptoir, dat ass den intergenerationellen Podcast vu move, déi Jonk am Mouvement Écologique, wou mir an all Episode mat engem Expert iwwert ee bestëmmten Thema schwätzen a wichteg Zukunftsfroen diskutéieren.”
- Anescht Liewen – E Podcast vun der ASTM: « Anescht Liewen ass de Podcast vun der ASTM. Eisen Motto ass Act local – Think global. Dësen Podcast ass fir all Mënsch deen sech fir global Zesummenhäng, Klimagerechtegkeet, Solidaritéit mam globalen Süden an weider änlech Themen interesséiert. »
Kultur
- Kulturpur: De Podcast fir en aneren Abléck an d’Kulturzeen zu Lëtzebuerg
Philosophie
- Speakeasy “Mier kucken eis all d’Argumenter un, an mir huelen se auserneen, fir ze kucken, wat dohannert stecht, dat ganzt ouni Hystérie a mat engem oppenen Geescht.”
Gesondheet
- Be well – De gesonde Podcast mam Sarah Cattani: « Wéi kann ee méi glécklech, méi entspaant an och méi gesond duerch d’Liewen goen? Mat där Fro beschäftege sech vill Leit an eben och d’Yogaprof a fréier Journalistin Sarah Cattani. Be Well probéiert Tipps an Ustéiss ze ginn wéi Jiddereen säi Wee zu engem méi ausgeglachenen an entspaante Liewen kann fannen. »
- Covid 19 : « Säit Mäerz bestëmmt d’Corona-Pandemie eisen Alldag hei zu Lëtzebuerg. Et vergeet keen Dag ouni dass mir mam Thema a Beréierung kéimen. An trotzdeem gëtt et villes wat een iwwert de COVID-19 net onbedéngt weess. Stéck fir Stéck wëlle mir mat eisem Podcast dëse Puzzle zesummebauen. »
- Bewosst gesond (radio 100,7) « Wäertvoll Rotschléi an Zesummenaarbecht mat Membere vun der Association Nationale des Diététiciens du Luxembourg, an der Association Luxembourgeoise du Diabète a Servior. Iesst, kacht, kaaft a bleift gesond. Mir ënnerstëtzen Iech derbäi. »
Musek
- Hannert der Fassad (Lëtzebuerger Journal): « Wat ass méi intim wéi seng privat Playlist mat engem ze deelen? Och nach dobäi z’erziele firwat een déi Lidder lauschtert. En Interview-Format, dat och emol aner Säite vun den Invitéeën ervirbréngt. “Hannert der Fassad” ass eng Mëschung aus Talk a Musek. E bësse wéi Radio, just besser. »
- Kaméidi – Luxembourg’s finest metal podcast: « Wat ass Kaméidi? Kaméidi sinn de Gilles an de Pit, zwee passionéiert Musek Nerds, di vill ze vill ze zielen hunn. Dofir presentéieren mer iech hei den éischte Metal Podcast zu Lëtzebuerg!!! »
- LemONair – Luxembourg Radio Podcast: « The web radio station entirely dedicated to artists from Luxembourg. A radio made by students from the Lycée Ermesinde. »
Sport
- And One – De Basketpodcast
- Buvette – De Fussballpodcast
- Touchdown de lëtzebuergeschen American Football Talk
- Komm an den Match! : Sportstalk op Lëtzebuergesch
Business
- Paperjam Podcast Lëscht
- Kompetent Witzeg. A Moskito podcast : « Moskito presentéiert den éischten Agence-Podcast zu Lëtzebuerg. KOMPETENT WITZEG gëtt en éierlechen Abléck an d’Banneliewen an d’Aarbecht vun enger Kommunikatiouns- a Marketingboîte, d’Agencenzeen zu Lëtzebuerg an et komme reegelméisseg Partner a Clienten zu Wuert a schwätzen iwwert hier Vue zur Kommunikatioun an hier Aarbecht.
- Startup Corner – « de Lëtzebuerger Podcast iwwer Startups an Innovatioun zu Lëtzebuerg, präsentéiert vum House of Startups a vun der Chambre de Commerce an dem Educatiounsministère. Emol de Mount schwätze mir mat Grënner, Business Angels an Experten aus der Innovatioun iwwert wat si bis elo erreecht hunn a wou si nach hi wëllen. Loosst Iech vun deene leschten Neiegkeeten an Trends aus der digitaler Welt inspiréieren. »
Est-ce que cet article a été utile ?
Ton feedback nous aide à produire des contenus adaptés à tes demandes.