Lët’z Inform Podcast
De Jugendinfo.lu lancéiert a Collaboratioun mat Eurodesk Lëtzebuerg hire Podcast! De Podcast deen de Jonken zu Lëtzebuerg eng Stëmm gëtt. Hei kriss du d’Méiglechkeet, deng Erfarungen oder deng Meenung zu verschiddenen Themen ze deelen. Mir beschwätze Sujeten, déi zu eise sechs Rubricke passen: Educatioun, Aarbecht, Engagement, Logement, Gesondheet an Alldag, mat engem Fokus op mental Gesondheet.
Du wëlls bei enger Episode matmaachen? Du géifs gären als Moderator·in dobäi sinn? Da mell dech bei eis.
Wat brénge mir mat? Eng gutt Laun, en oppent Ouer, mee och praktesch Rotschléi vun Experten, déi ons jee no Episode wäerte begleeden.
Iwwer eise Moderatoren
Tiana, Moderatrice
Di kleng einfach Saache vum Liewe maache mech frou an Dinosaurier.
Firwat net du ?
Gëff och du Moderator fir eng Episod oder souguer reegelméisseg.
Iwwer eis Themen
Educatioun
- Proposéier en Thema dat dech intresséiert!
Aarbecht
- Proposéier en Thema dat dech intresséiert!
- Mäin éischten Job
- Work-life balance
Engagement
- Proposéier en Thema dat dech intresséiert!
- Eurodesk
- Deng Volontariatserfarung am Ausland
- Volontariat zu Lëtzebuerg
- Europäesch Mobilitéit
- Deng Europass Erfarung #DiscoverEU
- Youth4 Europe
Logement
- Proposéier en Thema dat dech intresséiert!
Gesondheet
- Wat ass Schizophrenie?
- Meng éischt Kéier beim Psy
- Generatioun Covid – Seng Jugend verpassen
- Ech & meng Depressioun
- Schouldrock & Stress Suizid Preventioun
- Wéi kann ech mental Gesondheet mat mengen Elteren uschwätzen?
- Kanner & Scheedung: vill Strapazen
- De Männer eng Stëmm ginn: Stereotyppen & wat vun eis erwaart gëtt
- Iessstéierungen
Alldag
- Proposéier en Thema dat dech intresséiert!
- Jugend a Léift
- Dating Apps