Quelle : Alupse-Dialogue Team
3 Froen un d’Alupse-Dialogue
Deutsche Zusammenfassung lesen
Das Ziel von Alupse-Dialogue ist es, psychologische Hilfe und Begleitung für Kinder und Jugendliche bis 21 Jahre anzubieten, die Opfer von Gewalt geworden sind.
Alupse-Dialogue ist auch eine Anlaufstelle für Eltern, die sich um ihr traumatisiertes Kind sorgen, sowie für Fachkräfte, die Kinder betreuen und nicht immer wissen, wie sie mit bestimmten Situationen umgehen sollen.
Alupse-Dialogue kümmert sich um Situationen, in denen Kinder und junge Erwachsene Opfer wurden von :
- körperlicher Gewalt
- psychischer Gewalt
- sexuellem Missbrauch
- Vernachlässigung
- institutioneller Misshandlung
Alupse-Dialogue ist telefonisch von Montag bis Freitag von 9.00 bis 17.00 Uhr unter 26 14 48-1 oder per E-Mail an alupse@pt.lu erreichbar. Ein Team von sechs Psychologen und einer Sozialarbeiterin bietet euch Hilfe und eine vertrauliche und kostenlose Begleitung an.
Weitere Informationen zur Alupse-Dialogue Vereinigung.
D’ALUPSE (Association Luxembourgeoise de Pédiatrie Sociale) ass eng asbl déi 1984 an d’Liewe geruff gouf vum Kannerdokter Dr. Seligmann, fir iwwert Problemer vu Kandsmësshandlungen zu Lëtzebuerg ze iwwerleeën, opmierksam ze maachen an ze agéieren. D’ALUPSE schafft am Reseau mat de Spideeler an aner Institutiounen zesummen déi sech mam Thema Gewalt géint Kanner befaassen. D’Alupse huet 2 professionell Ekippen, Alupse-Dialogue an den Alupse-Bebe an eng Kannerdoktesch di de Volet Pédiatrie sociale iwwerhëlt. Den Alupse-Bebe geet bei d‘Mammen a hir Puppelcher heem a mëscht eng ganz wichteg Préventiounsaarbecht op der Ebene vun der Bindung Mam-Kand.
Berodung
- Psychologesch & therapeutesch Berodung an Therapie fir Kanner, Jugendlecher a Jonker bis 21 Joer am Fall vun Affer vu physesch, sexuell oder psychesch Gewalt
Ulafstell
- Ulafstell fir Elteren, di sech Suerge maache well hiert Kand eppes Schwéieres erlieft huet
- Infoe fir Professioneller déi Kanner betreien a net wësse wéi se a verschidde Situatioune reagéiere sollen
Encadrement psycho-social
- Eng professionell Ekipp vu 6 Psychologen an 1 Assistante sociale
- Gratis Berodung an Therapie fir d’Famillen
- Finanzéiert iwwert eng Konventioun mam Gesondheetsministère
Kontakt
- Per Telefon 26 18 48-1 vu méindes bis freides vun 9.00 – 17.00 Auer
- Iwwert Mail alupse@pt.lu
- Fir Elteren, Kanner & Jonker, Professioneller
- Schnellen Rendez-vous jenodeems Situatioun
Wéi hëllefe mir
- Mir schaffe mat den Elteren zesummen
- Proposéieren den Elteren Ënnerstëtzung parallel zum Suivi vum Kand
- Hëllef béi den Demarche fir d’Kand ze schützen
Safe Place
- Kanner & Jonker déi Gewalt erlieft hunn kënnen hei eng Plaz fanne wou si sech ausdrécke kënnen
- Si kënnen hir Stäerkten opbauen
- Eenzelgespréicher oder/a Familljengespréicher
Préventioun
- Préventioun ass immens wichteg a fänkt scho bei de klenge Kanner un
- Mat de Kanner altersgerecht iwwert déi Theme schwätzen. Esou kënnen si scho ganz frei Situatiounen erkennen, déi fir si net gutt sinn
- Sech engem Erwuessenen uvertrauen, entweder an der Famill, bei engem Professionellen oder enger Vertrauenspersoun
Sech mobiliséiren
- D’Gesellschaft soll sech nach méi mam Thema befaassen
- Den Tabu ofbauen
- Effikass Mëttelen asetze fir Iwwergrëffer u Kanner an Zukunkt nach besser ze evitéieren
Identifizéieren
Een Iwwergrëff ze erkennen ass oft net esou einfach, do brauch een och forméiert Professioneller um Terrain, déi wësse wéi mat deene Situatiounen ëmgoen a wat gemaach muss gi fir dem Kand ze hëllefen.