An eiser Artikel-Serie “3 Froen un …” loosse mir Experten an Organisatiounen direkt zu Wuert kommen. D’Danielle Schleich ass Responsabel d’Ekipp, Psychologin a Psychotherapeutin bei der Alupse-Dialogue.

Source : Alupse-Dialogue
3 Froen un Alupse-Dialogue
Lire le résumé en français
L’Alupse-Dialogue, c’est un service au Luxembourg qui aide les enfants, ados et jeunes jusqu’à 21 ans lorsqu’ils sont victimes de violence :
- violence physique
- violence psychologique
- abus sexuels
- négligence
- maltraitance institutionnelle
Le service accompagne aussi :
- les parents inquiets pour leur enfant,
- les professionnel·le·s (enseignants, éducs, etc.) qui ne savent pas comment gérer une situation difficile.
L’accompagnement est gratuit, confidentiel et assuré par 6 psychologues et une assistante sociale. Pour en apprendre plus sur l’association Alupse-Dialogue.
1. Wat as de Service Alupse-Dialogue eigentlech ?
D’ALUPSE (Association Luxembourgeoise de Pédiatrie Sociale) ass eng asbl déi 1984 an d’Liewe geruff gouf vum Kannerdokter Dr. Seligmann, fir iwwert Problemer vu Kandsmësshandlungen zu Lëtzebuerg ze iwwerleeën, opmierksam ze maachen an ze agéieren. D’ALUPSE schafft am Reseau mat de Spideeler an aner Institutiounen zesummen déi sech mam Thema Gewalt géint Kanner befaassen. D’Alupse huet 2 professionell Ekippen, Alupse-Dialogue an den Alupse-Bebe an eng Kannerdoktesch di de Volet Pédiatrie sociale iwwerhëlt. Den Alupse-Bebe geet bei d‘Mammen a hir Puppelcher heem a mëscht eng ganz wichteg Préventiounsaarbecht op der Ebene vun der Bindung Mam-Kand.
- Psychologesch & therapeutesch Berodung an Therapie fir Kanner, Jugendlecher a Jonker bis 21 Joer am Fall vun Affer vu physesch, sexuell oder psychesch Gewalt.
- Ulafstell fir Elteren, di sech Suerge maache well hiert Kand eppes Schwéieres erlieft huet.
- Infoe fir Professioneller déi Kanner betreien a net wësse wéi se a verschidde Situatioune reagéiere sollen.
- Eng professionell Ekipp vu 6 Psychologen an 1 Assistante sociale.
- Gratis Berodung an Therapie fir d’Famillen.
- Finanzéiert iwwert eng Konventioun mam Gesondheetsministère.
2. Wei kann ee mat Alupse-Dialogue Kontakt ophuelen a wei eng Hëllef kënne Jonker kréien?
- Per Telefon 26 18 48-1 vu méindes bis freides vun 9.00 – 17.00 Auer
- Iwwert Mail alupse@pt.lu
- Fir Elteren, Kanner & Jonker, Professioneller
- Schnellen Rendez-vous jenodeems Situatioun
- Mir schaffe mat den Elteren zesummen.
- Proposéieren den Elteren Ënnerstëtzung parallel zum Suivi vum Kand.
- Hëllef béi den Demarche fir d’Kand ze schützen.
- Kanner & Jonker déi Gewalt erlieft hunn kënnen hei eng Plaz fanne wou si sech ausdrécke kënnen.
- Si kënnen hir Stäerkten opbauen.
- Eenzelgespréicher oder/a Familljengespréicher.
3. Wat kann ee maache fir Fäll vu Mëssbrauch ze vermeiden oder besser ze erkennen?
- Préventioun ass immens wichteg a fänkt scho bei de klenge Kanner un.
- Mat de Kanner altersgerecht iwwert déi Theme schwätzen. Esou kënnen si scho ganz frei Situatiounen erkennen, déi fir si net gutt sinn.
- Sech engem Erwuessenen uvertrauen, entweder an der Famill, bei engem Professionellen oder enger Vertrauenspersoun.
- D’Gesellschaft soll sech nach méi mam Thema befaassen.
- Den Tabu ofbauen.
- Effikass Mëttelen asetze fir Iwwergrëffer u Kanner an Zukunkt nach besser ze evitéieren.
- Een Iwwergrëff ze erkennen ass oft net esou einfach, do brauch een och forméiert Professioneller um Terrain, déi wësse wéi mat deene Situatiounen ëmgoen a wat gemaach muss gi fir dem Kand ze hëllefen.






