An eiser Serie „3 Froen un…“ loosse mir Experten an Organisatiounen direkt zu Wuert kommen. Dës Kéier ass et d‘Christa Brömmel, d’Coordinatrice vum Cesas, dem nationale Referenzzentrum fir d’Promotioun vun der affektiver a sexueller Gesondheet.
Quelle : Den Team vum Cesas – engagéiert fir deng sexuell an affektiv Gesondheet
3 Froen un de Cesas
Deutsche Zusammenfassung lesen
Als Referenzzentrum für die Förderung der affektiven und sexuellen Gesundheit ist das Cesas nicht vor Ort tätig, sondern organisiert vor allem Schulungen, Veranstaltungen und Lehrmittel für Fachkräfte aus dem Bildungs- und Gesundheitsbereich.
Sexualität ist ein zentraler Aspekt des Menschen während des gesamten Lebens. Sexuelle Gesundheit ist ein Zustand körperlicher, emotionaler und geistiger Gesundheit in Bezug auf die Sexualität. Sie erfordert einen positiven und respektvollen Umgang mit Sexualität und sexuellen Beziehungen. Jeder Mensch hat sexuelle Rechte, zum Beispiel das Recht, seine Sexualität zu leben und auszudrücken, oder das Recht, vor Diskriminierung geschützt zu werden.
Das Ausüben dieser Rechte darf die Rechte der anderen nicht verletzen!
Jugendlichen bietet das Cesas gemeinsam mit anderen Akteuren des Gesundheitssektors die Informationssite mengverhuetung.lu an. Hier finden sie ausführliche Information über die verschiedenen Verhütungsmittel, die zu Luxemburg erhältich sind. Bei Sorgen oder Fragen zu ihrer emotionalen und sexuellen Gesundheit, können Jugendliche an eine kompetente Stelle, die ihnen weiterhilft, verwiesen werden.
Alle 18 Monate bietet die Woche der affektiven und sexuellen Gesundheit eine Vielzahl von Veranstaltungen, Schulungen und Aktivitäten für die breite Öffentlichkeit und für Fachleute an.
Weitere Projekte mit der Zusammenarbeit des Cesas sind :
- Let’s Talk about Sex!, das darauf abzielt, Fachkräfte die mit Jugendlichen arbeiten, besser auszustatten, damit sie auf die Fragen und Sorgen der Jugendlichen in Bezug auf Sexualität eingehen können,
- die Informationssite über Sexualität safersex.lu, die sich an Jugendliche wendet.
Bei Fragen oder Sorgen in Bezug auf die affektive und sexuelle Gesundheit, kannst du dich per Telefon (+325 285 694) oder Email (contact@cesas.lu) an das Cesas wenden.
De Centre national de référence pour la promotion de la santé affective et sexuelle (Cesas) als Referenzzentrum schafft am Hannergrond. Mir ginn zum Beispill net a Klassen oder Jugendhaiser fir Opklärung oder Sensibiliséierung ze maachen. Dat iwwerloosse mir Fachleit vum Terrain, mat deene mir awer enk zesummeschaffen.
De Cesas
- bitt de Fachleit (Educateur·ricen, Enseignant·en, Leit aus dem Santésberäich…) Formatiounen un,
- organiséiert Evenementer mat aneren Acteuren, zum Beispill d’Woch vun der affektiver a sexueller Gesondheet,
- schafft mat Fachleit vum Terrain Tools aus, zum Beispill de Guide an den Toolkit „Let’s Talk about Sex!“ oder d’Broschür an den Internetsite mengverhuetung.lu,
- proposéiert eng online-Geolokalisatioun mat der een erausfënnt, wat fir Servicer et hei am Land ginn, wann een eng Fro zu senger affektiver a sexueller Gesondheet huet.
Sexuell Gesondheet
- betrëfft d‘Wuelbefanne vun enger Persoun um kierperleche, emotionale, mentalen an tëschemënschleche Plang gläichzäiteg,
- ass méi wéi nëmme keng Krankheeten, Dysfonctionnementer oder Behënnerungen ze hunn,
- verlaangt eng positiv Approche zur Sexualitéit, déi fir all Mënsch e Liewe laang vu Bedeitung ass,
- respektéiert Sexualitéit a sexuell Relatiounen,
- verhëlleft dozou, d‘Méiglechkeet ze hu fir angeneem a sécher sexuell Erfarungen ze maachen,
- schléisst Zwang, Gewalt an Diskriminéierung aus.
Sexualitéit ass e Liewe laang en zentralen Deel vum Mënsch, an ëmfaasst
- dat kierperlecht Geschlecht, déi sexuell Identitéit a Gender an déi sexuell Orientatioun,
- Erotik, Pleséier an Intimitéit,
- Fortplanzung.
Si gëtt gelieft an ausgedréckt als Gedanken, Fantasien, Wënsch, Iwwerzeegungen, Haltungen, Wäerter, Verhalensweisen, Rollen a Bezéiungen, an ass beaflosst vu ville Facteuren, déi zesummespillen, zum Beispill Biologie, Psychologie, Gesellschaft, Politik, Kultur, Ethik, Relioun, Geschicht, Recht….
Jiddereen·t sollt, ouni Zwang, Diskriminatioun oder Gewalt ausgesat ze sinn, Zougang hunn zou
- beschtméiglech sexueller Gesondheet, Gesondheets- a Fortplanzungsservicer,
- Informatiounen iwwer Sexualitéit a Sexualerzéiung,
- kierperlecher Onverséiertheet a Respekt vum Kierper,
- fräiem Choix vum/vun de Partner‧in/en,
- fräie Choix, en aktiivt Sexualliewen ze hunn oder net,
- fräi a selbstbestëmmte sexuell Bezéiungen,
- fräi a selbstbestëmmte Bestueden,
- de Choix Kanner ze hunn, an ze decidéieren, wéi vill a wéini,
- eng erfëllter, sécherer a schéiner Sexualitéit.
D’Ausübe vun dëse Rechter däerf den aneren hir Rechter net verletzen!
mengverhuetung.lu
- Informatioun a 4 Sproochen (DE, FR, EN, PT), doriwwer,
- wéi d’Mëttel funktionéiert,
- wourop opzepassen ass,
- op eng Ordonnance néideg ass,
- wou dat Verhütungsmëttel ze kréien ass,
- wat Vir- an Nodeeler sinn,
- wéi Pilule d’urgence ze benotzen ass,
- engem FAQ fir (bal) all Fro déi sech stelle kann,
- Grafiken, fir besser ze verstoen.
Reorientéierung bei Froen oder Besoinen
Et kann een eis uruffen (+352 285 694) oder eng Email schécken (contact@cesas.lu).
Mat eiser online-Geolokalisatioun kann een erausfannen, wat fir Servicer et hei am Land ginn. Fir net laang ze sichen, hei dräi wichteg Telefonsnummeren:
- 123 21 – BEE SECURE-Helpline, wann een Affer ginn ass vu Cybermobbing, online-Diskriminatioun, Sextorsion…
- 116 111 – Kanner- a Jugendtelefon, wou ee Kanner a Jonker nolauschtert an Hëllef proposéiert (anonym, gratis)
- 29 65 65 – Meederchershaus (Femmes en détresse), wann s du als Meedchen/mannerjäreg Fra (12-21 Joer) Affer gi bass vu Gewalt
Let's Talk about Sex!
Den Toolkit Let’s Talk about Sex! proposéiert 30 Aktivitéite ronderëm eenzel Themen, déi an enger Klass oder engem Grupp kënne gemaach gi, fir iwwer Sexualitéit ze schwätzen. Jidderee kann dës Materialien online eroflueden.
safersex.lu
Woch vun der affektiver a sexueller Gesondheet