An eiser Artikel-Serie “3 Froen un …” loosse mir Experten oder Organisatiounen direkt zu Wuert kommen. Dës Kéier ass et move., de Jugendgrupp vum Mouvement Ecologique.
Quelle : move.
3 Froen u move.
Deutsche Zusammenfassung lesen
Bei move. können alle zwischen 14 und 28 Jahren mitmachen. Alles, was du brauchst ist Lust, mit anderen jungen Menschen zusammenzuarbeiten.
move. ist die Jugendsektion des Mouvement Écologique. Die Gruppe setzt sich für eine zukunftsorientierte und umweltfreundliche Gesellschaft ein. Zu den Themen, die ihnen wichtig sind, gehören: Klimawandel, Naturschutz, Globalisierung, Mobilität, Wohnen, Landwirtschaft, Partizipation, Schule und übermäßiger Konsum.
Was motiviert junge Menschen, sich bei move. zu engagieren? Der Wunsch, Erfahrungen zu sammeln, etwas Neues zu lernen und dabei Spaß zu haben. Die Gruppe trifft sich wöchentlich im Ökozenter oder online.
Zwei aktuelle Projekte von move. sind der generationsübergreifende Podcast Um Comptoir auf Spotify und Radio Ara sowie der Online-Ratgeber moveapproved.lu.
1. Wat ass ``move.`` genee?
move. ass de Jugendgrupp vum Mouvement Ecologique, dee sech fir eng zukunftsorientéiert an ëmweltbewosst Gesellschaft asetzt. D’Zil ass datt d’Stëmm vun der jonker Generatioun och gehéiert gëtt! Themeberäicher vu move. sinn enk mam Ëmweltschutz verbonnen: Klimawandel, Naturschutz, Globaliséierung, Mobilitéit, Wunnen, Landwirtschaft, Matbestëmmung, Schoul oder grenzelose Konsum sinn alles Themen déi bei move. behandelt ginn. Wat move. ausmëscht ass ee flotte Grupp, wou jiddereen d’Méiglechkeet huet sech anzebréngen, zesumme verschidde Projeten ëmzesetzen a gemeinsam Ziler verfollegen.
2. Wéi kënne Jonker bei iech matmaachen?
Bei move. kann all Jonken tëschent 14 an 28 Joer deelhuelen, dëst ouni mussen iergendeen Virwësse matzebréngen. Dat eenzegt dat ee matbrénge muss, ass Loscht a Freed un der Zesummenaarbecht mat anere Jonker an Interessi un der Ëmwelt. Mir treffen eis all Woch, diskutéieren, entwéckelen Iddien a Projeten, tauschen eis aus. Dës Versammlunge sinn oppe fir jiddereen a fannen aktuell ofwiesselend online an en présence am Oekozenter statt.
3. Wat motivéiert di Jonk? Engagéiert ee sech fir sech z'amuséieren oder fir eppes bäizeléieren?
Natierlech béides! Fir eppes kënnen ze erreechen ass ee staarke Grupp ëmmer ganz wichteg, a wann een zesumme Spaass huet da kommen och déi bescht Projeten derbäi eraus. Mee och néis ze léieren ass ganz wichteg, bei move. léiert een net just vun externen Experten oder laangjäreg engagéierte Membere vum Mouvement Ecologique mee och ganz vill vun enee selwer am Grupp.
Mee och nei Erfarungen ze sammelen ass ee wichtege Bestanddeel an dofir bitt move. vill Geleeënheeten: Als Moderator am Radio eng Episode vun eisem Podcast „Um Comptoir“ ze moderéieren, een Artikel fir eisen Online-Guide „moveapproved.lu“ ze recherchéieren an ze verëffentlechen, mat internationale Politiker*innen ob enger vun eise Visionäre-Konferenz ze diskutéieren oder awer einfach un enger Excursioun raus an d’Natur deel ze huelen.
Di 2 wichtegst Projete vu move.:
- Am intergenerationelle Podcast „Um Comptoir“ diskutéieren di Jonk vu move. an engem lockere Format wichteg Zukunftsfroe mat verschiddenen Experten. Du fënns dëse Podcast op Spotify an am Radio Ara.
- Ufank 2021 huet move. den éischte lëtzebuergeschen Online-Guide fir en nohaltege Lifestyle erausbruecht. A 5 Kategorien ginn Adresse virgestallt, déi ee besonnesche Fokus op Nohaltegkeet leeën. Dëse Guide fënns du ënnert move approved um Site. Move. sicht och ëmmer no motivéierte Partner fir de Guide op weider Regiounen auszewäiten.