Quelle : D'Christiane Weintzen mat hirem Therapiehond
3 Froen un d’Christiane Weintzen, Psychotherapeutin vu Psy-Jeunes
Deutsche Zusammenfassung lesen
Die Warnzeichen, dass ein junger Mensch leidet, sind sehr unterschiedlich. Jeder reagiert anders. Folgende Zeichen können zum Beispiel darauf hinweisen:
- eine plötzliche Demotivation,
- eine Traurigkeit,
- eine Isolation,
- Schlafprobleme,
- Konzentrationsprobleme,
- Entspannungsprobleme,
- eine Aggressivität.
Für den/die betroffene*n Jugendliche*n ist es wichtig, jemanden zu haben, dem er/sie vertrauen kann um über das, was ihn/sie quält zu sprechen. Das kann eine nahestehende Person sein oder professionelle Hilfe wie das Sepas in der Schule, das Kanner-Jugendtelefon oder das Office national de l’enfance.
Um psychisch gesund zu bleiben, rät die Psychotherapeutin Christiane Weintzen dazu die eigene Verfassung täglich im Auge zu behalten. Und den Tag mit vielen schönen Momenten zu füllen wie zum Beispiel eine Nachricht an die Freundin oder den Freund schreiben, Lieblingsmusik hören, etwas mit Freunden unternehmen, Sport treiben, eine angenehme Dusche nehmen, sich um das Haustier kümmern, spazieren gehen, zeichnen, etwas Gutes essen, heiße Schokolade oder Tee trinken….
Die Öffnungszeiten des Psy-Jeunes sind von Montag bis Freitag von 9:00 bis 18:00 Uhr. Du kannst einen Termin per Email (psyjeunes@croix-rouge.lu) oder Telefon (27 55 6300) vereinbaren.
1. Wat si Warnzeechen, datt et engem net gutt geet?
Leider ginn et keng typesch Warnzeechen, bei deenen een dann direkt weess, datt et dem Jonken net gutt geet, well all Jonke ganz ënnerschiddlech ka reagéieren.
Wann de Jonke selwer mierkt, dass hien sech verännert oder awer seng Frënn him dat soen, kann dat een Indiz sinn, dass hien eppes bedréckt oder beschäftegt. Wann Aktivitéiten oder Saachen, déi him soss Freed gemaach hunn, bemol keng Bedeitung méi hunn resp. keng Freed méi maachen oder wann de Jonken sech vu senge Frënn zréckzitt obwuel hie soss ëmmer ganz geselleg war oder wann de Schlof méi schlecht gëtt (an- oder Durchschlofprobleemer), Konzentratioun noléist, sou dass Punkte méi schlecht ginn; wann de Jonken net méi gutt entspane kann oder Owes zur Rou kennt. Oder och wann de Jonke gereizt oder aggressiv gëtt, kennen dat Zeeche sinn, dass et him net gutt geet.
2. U wie kann e Jonke sech wenden?
Fir de Jonken, deem et net gutt geet, ass et wichteg, sech un eng Vertrauenspersoun ze wenden, Elteren, bescht Frënn, aner Familljememberen, Proffen. Wann de Jonken dëst awer valid net well, well et him onangeneem ass oder hie „keen well mat senge Problemer nerven“ kann hie kuerzfristeg Hëllef fannen z.B. am SePas vun der Schoul oder beim Kanner-a Jugendtelefon. Déi Mataarbechter kennen de Jonken an der Reegel direkt opfänken, a gemeinsam mat him kucken, wat hien dee Moment brauch. Och den Office National de l’enfance kann de Jonke kuerzfristeg gesinn, fir hien dann un eng passend Plaz weider ze leeden oder Hëllefsmesüren en Place ze setzen. Op hirem Site fënnt een och Adresse vu Servicer déi hëllefe kennen:
3. Wat sinn Är Rotschléi fir eng gutt mental Gesondheet?
Ech denke fir eng gutt mental Gesondheet ass et wichteg, sech all Dag d’Fro ze stellen: Wéi geet et mir haut, a wat brauch ech/wat géif mir haut gutt doen.
Grad elo wou Pandemie eis am Alldag aschränkt an de Wanter méi no kennt, ass et méi wéi jee wichteg, sech selwer gutt am Aen ze behalen. Ech sollt mäin Deeg mat ville klenge flotte Momenter opfëllen: eng léif SMS un Frëndin, Musek am Ouer, mat Frënn eppes ënnerhuelen/oder och just Telefonéiere wann ech grad soss keng Zäit hunn, Sport, eng gutt Dusch, kuschele mam Hausdéier, trotz dem ongemittleche Wieder spadséiere goen, zeechnen, eppes leckeres iessen, Schocki oder Téi etc. Duerch déi kleng Momenter déi mir gutt dinn, schëtt de Kierper Gléckshormoner aus an ech fille mech besser an ech kann déi kleng Alldagshürde besser meeschteren.