
Quelle : Dr Erik Schneider
3 Froen un den Dr Erik Schneider vun Intersex an Transgender a.s.b.l.
Wat sinn är Ziler a mat wat fir engen Theme beschäftegt dir iech?
Eise Veräin Intersex & Transgender Luxembourg a.s.b.l. huet sech als Zil gesat, d’Liewenssituatioun vu Mënschen zu Lëtzebuerg ze verbesseren, di de momentane Geschlechternormen net entspriechen. Dat erreeche mir duerch d’Weidergi vun Informatiounen un Eenzelpersounen a Gruppe vun interesséierte Fachwëssenden, Privatpersounen an un d’Ëffentlechkeet.
Mir hunn 3 Themenschwéierpunkten:
Trans‘ (mat senge Variatiounen): Heibäi handelt et sech ëm Mënschen, där hir Geschlechtsaschreiwung bei der Gebuert net mat hirer geschlechtlecher Selbstwahrnehmung (och Geschlechtsidentität genannt) iwwertenee stëmmt.
Intersex (och Intergeschlechtlechkeet) leit vir, wann bei engem Mënsch di kierperlech Geschlechtsmierkmoler* net all engem Geschlecht entspriechen. Dann handelt et sech ëm Variatioune vun de Geschlechtsmierkmoler. (*gemäß medezinescher Normen)
Als net-binär bezeechnen sech Mënschen, di sech net an de binäre Geschlechterkategorien (weiblech/männlech) rëmfannen. Hiert Geschlechtsemfanne ka fléissend , dat heescht wiesselend sinn, di zwee Geschlechterkategorien ëmfaassen, guer net virleien oder sech nach aneschters duerstellen.
Wat fir eng Offer hutt dir fir Jonker?
Individualbegleedung: op Nofro
Jugend- an Elteregruppen: jeeweils eng Kéier am Mount
Familljen- an aner Veräinstreffen: 2-3mol d’Joer
Mat wat fir enge Froe setzen sech di Jonk auserneen a wat kënnen si maache fir Äntwerten ze fannen?
Heefeg gestallte Froe vun deene Jonke sinn ënner anerem:. „Sinn ech trans‘?“, „Wéi reagéiere meng Elteren?“, “Wëll ech e Comingout maachen (mech anere matdeelen) oder stealth (onsiichtbar als transPersoun) liewen? Wa jo, wéi?“, „Wat muss ech man, fir Hormoner ze kréien?“, „Wéi geet dat, mat der Ännerung vum Virnumm a Geschlecht fir d’Pabéieren?“, „Wat kann ech bei Problemer an der Schoul oder doheem man?“




