Source : Dr Erik Schneider
3 Froen un den Dr Erik Schneider vun Intersex & Transgender Luxembourg asbl
Lire le résumé en français
L‘association Intersex & Transgender Luxembourg asbl a comme but de soutenir les personnes au Luxembourg qui ne correspondent pas aux normes d‘identité sexuelle du moment. Pour ce faire, elle informe les experts et le grand public sur 3 thématiques :
- la transidentité, c‘est-à-dire le fait de ne pas s’identifier au sexe qui a été assigné à la naissance.
- l‘intersexuation, c‘est-à-dire le fait que les caractéristiques sexuelles chez une personne ne correspondent pas toutes à un sexe. Il s‘agit d‘une variation des caractéristiques sexuelles.
- la non-binarité, c‘est-à-dire le fait de ne pas se retrouver dans les catégories d‘identité sexuelle binaire (féminin/masculin).
Parmi ses autres services, l‘association offre un accompagnement individuel et des groupes de parole. Les jeunes, ainsi que leurs parents, peuvent y trouver des infos, s‘échanger avec d‘autres et recevoir des réponses à leurs questions.
1. Wat sinn är Ziler a mat wat fir engen Theme beschäftegt dir iech?
Eise Veräin Intersex & Transgender Luxembourg asbl huet sech als Zil gesat, d’Liewenssituatioun vu Mënschen zu Lëtzebuerg ze verbesseren, di de momentane Geschlechternormen net entspriechen. Dat erreeche mir duerch d’Weidergi vun Informatiounen un Eenzelpersounen a Gruppe vun interesséierte Fachwëssenden, Privatpersounen an un d’Ëffentlechkeet.
Mir hunn 3 Themenschwéierpunkten:
- Trans‘ (mat senge Variatiounen), dat heescht Mënschen, där hir Geschlechtsaschreiwung bei der Gebuert net mat hirer geschlechtlecher Selbstwahrnehmung (och Geschlechtsidentität genannt) iwwertenee stëmmt.
- Intergeschlechtlechkeet dat heescht wa bei engem Mënsch di kierperlech Geschlechtsmierkmoler* net all engem Geschlecht entspriechen. Dann handelt et sech ëm Variatioune vun de Geschlechtsmierkmoler. (*gemäß medezinescher Normen).
- Als net-binär bezeechnen sech Mënschen, di sech net an de binäre Geschlechterkategorien (weiblech/männlech) rëmfannen. Hiert Geschlechtsemfanne ka fléissend , dat heescht wiesselend sinn, di zwee Geschlechterkategorien ëmfaassen, guer net virleien oder sech nach aneschters duerstellen.
2. Wat fir eng Offer hutt dir fir Jonker?
- Individualbegleedung: op Nofro
- Jugend- an Elteregruppen: jeeweils eng Kéier am Mount
- Familljen- an aner Veräinstreffen: 2-3mol d’Joer
3. Mat wat fir enge Froe setzen sech di Jonk auserneen a wat kënne si maache fir Äntwerten ze fannen?
Heefeg gestallte Froe vun deene Jonke sinn ënner anerem: „Sinn ech trans‘?“, „Wéi reagéiere meng Elteren?“, „Wëll ech e Comingout maachen (mech anere matdeelen) oder stealth (onsiichtbar als transPersoun) liewen? Wa jo, wéi?“, „Wat muss ech man, fir Hormoner ze kréien?“, „Wéi geet dat, mat der Ännerung vum Virnumm a Geschlecht fir d’Pabéieren?“, „Wat kann ech bei Problemer an der Schoul oder doheem man?“