An eiser Artikel-Serie “3 Froen un …” loosse mir Experten direkt zu Wuert kommen. D’Haaptuleies vum Schoulmediateur ass et, Meenungsverschiddenheeten tëschent de Schüler (respektiv hiren Elteren) an der Schoul am Gudden an op eng gerecht Aart a Weis ze léisen.
Quelle : Service de médiation scolaire
3 Froen un d’Schoulmediatioun
Deutsche Zusammenfassung lesen
Die Hauptaufgabe der Schulmediation besteht darin, Unstimmigkeiten zwischen den Schülern (beziehungsweise ihren Eltern) und den Schulen zu schlichten.
Der schulische Mediationsdienst befasst sich mit Beschwerden, die folgendes betreffen:
- den Verbleib eines Schülers im Schulsystem, der von einem Schulabbruch ohne Abschluss bedroht ist,
- die Eingliederung eines Schülers mit besonderem Förderbedarf,
- die schulische Integration eines Schülers mit Migrationshintergrund, der nicht über die nötigen Sprachkenntnisse verfügt, um den regulären Unterricht zu folgen.
Der schulische Mediationsdienst kann erst dann tätig werden, wenn alle anderen Versuche, eine Einigung zu erzielen, erfolglos geblieben sind.
Um eine Beschwerde an die Schulmediation zu richten, füllt bitte ein Online-Formular aus.
Die Schulmediation ist ein unabhängiger Dienst des Bildungsministeriums und behandelt die Gespräche mit den Schülern oder Eltern vertraulich.
1. Wat ass de Schoulmediateur?
De Schoulmediateur këmmert sech ëm deng Reklamatioun, wann se sech op eng vun dësen Aufgabe vun der Schoul bezitt:
- Schüler an der Schoul halen, déi riskéieren d’Schoul ofzebriechen an ouni Qualifikatioun de Schoulsystem ze verloossen;
- Schüler, déi pädagogesch besonnesch mussen ënnerstëtzt ginn, an de System abannen (Inklusioun);
- Schüler mat Migratiounshannergrond integréieren.
2. A wat fir enge Fäll kann d'Schoulmediation dech ënnerstëtzen?
De Schoulmediateur soll eréischt kontaktéiert ginn, wann’s du scho probéiert hues mat de betraffenen Acteuren eng Léisung ze fannen, et awer net zu enger Eenegung koum.
Dës Acteure kënnen zum Beispill an der Grondschoul de Schoulmeeschter oder d’Léierin respektiv de Regionaldirekter sinn, am Lycée de Régent oder den Direkter, an engem spezialiséierte psycho-pedagogesche Kompetenzzentrum den Haaptzoustännegen oder den Direkter.
Hal schrëftlech déi wichteg Punkten an Date vun Ärem Austausch fest, fir datt de Schoulmediateur dat kann nokucken.
3. Wéi kanns du dech un d'Schoulmediatioun wenden?
Fir eng Reklamatioun beim Schoulmediateur ze maachen, muss du de Formular op der Säit vun der Schoulmediatioun ausfëllen.
Wann de Schoulmediateur deng Reklamatioun zeréckbehält, da freet e bei der Schoul oder dem betreffende Service no, fir déi néideg Informatiounen zesummenzekréien.
D’Haaptuleies vum Mediateur ass et, Meenungsverschiddenheeten am Gudden an op eng gerecht Aart a Weis ze léisen. Wann noutwenneg oder wann déi eenzel Parteien dat gär hätten, organiséiert en en Treffen. E kann, falls néideg, Recommandatioune formuléieren, déi en der an der Schoul, respektiv dem concernéierte Service matdeelt.
D’Direktioun vun der Schoul oder dem concernéierte Service informéiert de Mediateur iwwer d’Entwécklung vun der Situatioun no der Interventioun bannent engem Délai, deen de Mediateur festgeluecht huet. Dës Informatioune kriss du matgedeelt. Ass d’Frist ofgelaf a gouf et keng befriddegend Äntwert respektiv ass guer näischt geschitt, informéiert de Schoulmediateur de Minister, deen dann eng Decisioun hëlt.
Wann de Mediateur der Meenung ass, dass deng Demande d’Critèrë vun enger schoulescher Mediatioun net erfëllt, deelt en dir schrëftlech seng Begrënnung mat.