An eiser Artikel-Serie “3 Froen un…” loosse mir Experten direkt zu Wuert kommen. D’Haaptuleies vun der Schoulmediatioun ass et, Meenungsverschiddenheeten tëschent de Schüler (respektiv hiren Elteren) an der Schoul am Gudden an op eng gerecht Aart a Weis ze léisen.

Source : Service de médiation scolaire
3 Froen un d’Schoulmediatioun
Lire le résumé en français
La médiation scolaire a comme mission principale de régler les désaccords entre les élèves (respectivement leurs parents) et les écoles.
Le service de médiation scolaire s’occupe des réclamations qui concernent :
- le maintien à l’école d’un élève menacé par le décrochage scolaire,
- l’inclusion d’un élève à besoins éducatifs particuliers,
- l’intégration d’un élève issu de l’immigration, qui ne dispose pas des compétences linguistiques nécessaires pour suivre l’enseignement régulier.
Le service de médiation scolaire ne peut intervenir qu’après que tous les autres essais pour trouver un accord n’ont pas aboutis.
Pour adresser une réclamation à la médiation scolaire, remplissez svp. un formulaire en ligne.
La médiation scolaire est une service indépendant du ministère de l’Éducation et respecte la confidentialité de ses échanges avec les élèves ou les parents.
1. Wat ass d'Schoulmediatioun?
D’Schoulmediatioun kann där hëllefe bei Konflikter mat:
- der Grond-Schoul,
- dem Lycée,
- engem Service vum Educatiounsministère.
D’Haaptuleies vun der Schoulmediatioun ass et, Meenungsverschiddenheeten am Gudden an op eng gerecht Aart a Weis ze léisen.
Hei fënns du e kuerze Video iwwert d’Schoulmediatioun.
2. A wat fir enge Fäll kann d'Schoulmediatioun mech ënnerstëtzen?
D’Schoulmediatioun kann hëllefen bei:
- Schoulofbroch
- Inklusioun
- Integratioun
Si soll awer eréischt kontaktéiert ginn, wann’s du scho probéiert hues mat de betraffenen Acteuren eng Léisung ze fannen, et awer net zu enger Eenegung koum. Dës Acteure kënnen zum Beispill an der Grondschoul de Schoulmeeschter oder d’Léierin respektiv de Regionaldirekter sinn, am Lycée de Régent oder den Direkter.
Hal schrëftlech déi wichteg Punkten an Date vun ärem Austausch fest, fir datt d’Schoulmediatioun dat kann nokucken.
3. Wéi kann ech mech un d'Schoulmediatioun wenden?
Fir eng offiziell Reklamatioun ze maachen, muss du de Formular op der Säit vun der Schoulmediatioun ausfëllen.
Wann deng Reklamatioun zeréckbehale gëtt, da freet d’Schoulmediatioun bei der Schoul oder dem betreffende Service no, fir déi néideg Informatiounen zesummenzekréien. Wann net, deelt d’Schoulmediatioun dir schrëftlech hir Begrënnung mat, wiesou si mengt, dass deng Demande d’Critèrë vun enger schoulescher Mediatioun net erfëllt.



