Source : Sally Stephany
3 Froen iwwert TikTok un d’Sally Stephany, Psychologin beim (KJT) Kanner-Jugendtelefon
Lire le résumé en français
Malgré quelques changements récents pour mieux protéger ses utilisateurs mineurs, TikTok présente toujours des risques. Voilà pourquoi la psychologue Sally Stephany du Kanner-Jugendtelefon insiste qu’il faut bien réfléchir quelles données on veut vraiment révéler.
Comme pour toute app, il est toujours bien de surveiller régulièrement ses réglages de sécurité. Ensuite, on n’a pas besoin de suivre tout le monde et chaque trend. Si on ne se sent pas à l’aise par exemple avec un trend qu’on juge trop sexualisé, on peut ne pas y participer. On a toujours l’option de dire non. Chacun doit réfléchir à ce qu’il ou elle refuse de faire par principe. Ta priorité doit être ta propre protection !
Pour éviter des situations d’abus, il est essentiel de bien réfléchir avec qui on veut entrer en contact. En cas de doute, le mieux est d’en parler à une personne de confiance ou de s’adresser à la BeeSecure helpline.
Face à du contenu abusif, évite toute interaction avec celui-ci et signale-le à l’équipe de la app. S’il y a un rapport avec le Luxembourg, tu devrais en plus le signaler à la BeeSecure Stopline avec le lien direct vers le contenu.
Comme règle d’or, Sally Stephany conseille de garder toujours une bonne dose de méfiance sur Internet, puisque ton vis-à-vis n’est pas forcément celui qu’il prétend être.
1. Ab 13 däerf een zwar e Kont op TikTok opmaachen, awer nëmmen mam Averständnis vun den Elteren. TikTok selwer schéngt dat awer net ze kontrolléieren. Wat kënne Mannerjäreger maachen fir sech op TikTok ze schützen?
Fir d’éischt emol muss ee guer kee Konto bei TikTok opmaache fir Zougrëff op d’App ze hunn: Et kann een och ouni Kont alles op TikTok kucken. Dat kann een iwwert d’App oder iwwert de Browser maachen.
TikTok huet awer elo all Kont deen engem ënner 16järegen zouzeschreiwen ass, d’office op privat agestallt. Virdru war dat net esou. Do si mer schonn dem Schutz vun deene Jonke ebëssi méi no komm.
Wichtege Rot un d’Mannerjäreg: sech gutt ze iwwerleeë wat fir eng Donnéeë ginn ech vu mir prais. Bei TikTok kann ech och ouni meng Telefonsnummer unzeginn liken a späicheren, wann ech awer den Chat benotze well, muss ech meng Nummer uginn. Wat ass mer méi wichteg Dateschutz oder mat der Persoun ze chatten, déi ech vlait och um Whatsapp hunn? Dat muss een ofweien, och als Jugendlechen.
Et ass ëmmer derwäert e Bléck an d’Sécherheetsastellungen ze werfe vun all App: Ass mäin Konto op privat gestallt? Wann een ënner 16 huet, misst dat jo sou sinn. Huet een dat an der Tëschenzäit net geännert? Da muss een dat nees zerécksetzen. Ech kann astellen, datt ech keng Message vun Onbekannte kréien. Ech kann ausschalten, datt ee meng Videoe kann eroflueden, duettéiren, stitchen oder souguer kommentéieren.
Ausserdeem muss een net jiddereen zréck followen. Et sinn der di maachen dat fir sech géigesäiteg ze ënnerstëtzten. An och do kann ee Stopp an Nee soen. Wann op eemol eng Persoun Contenu mëscht deen engem net passt oder deen ee souguer irritéiert, dann kann een entfollowen, do huet ee jo keng Verflichtungen. Et huet ee just den eegenen Schutz ëm deen ee sech muss këmmeren.
2. Wat sinn dann d’Haaptrisiken op TikTok?
D’Risike sinn di nämmlecht wéi op aneren Appen a soziale Medien: Mëssbrauch vun Donnéeën: Biller a Videoen inclus. Grad op der TikTok ass dat jo d’Haaptmaterial. Derbäi kennt de Risiko dee vun aneren ausgeet: wéi Mobbing a Grooming. Dann ginn et och fake accounts asouguer falsch Romanzen, hei gëtt mat der Hoffnung gespillt sech ze verléiwen.
Geld spillt ëmmer eng Roll: an de Livestreams kann ee Kaddoe maachen, et kann ee Suen investéieren fir eng Wärung ze kréien. Et muss een oppasse wat ee well uginn a wat een net well uginn. Et sollt ee sech prinzipiell iwwerleeë: wat maachen ech einfach net.
Et ass wichteg eng Vertrauenspersoun ze hunn a wann ee keng huet, kann ee sech ëmmer un d’BEE SECURE Helpline (8002 1234) wenden. Hei ass et wéi mat allen aneren Appen an och offline: et soll ee sech gutt iwwerleeë mat wiem een a Kontakt trëtt a mat wien een de Kontakt hellt. Et kënnt och mol fir, datt ee vu Friemen e Message kritt.
Gëlle Reegel: Et ass net jiddereen deen, fir deen e sech ausgëtt um Internet. E gesond Mooss u Mësstrauen ass net verkéiert.
3. Wat mëscht ee wann ee Contenu gesäit, deen ënner Mobbing oder Hate Speech fält?
Di Saach mam Deelen an driwwer schwätzen, ass eppes wat net nëmme bei TikTok gemaach gëtt. Bei Tiktok muss ee bedenken: wat ee méi geliked, duettéiert, gestitcht a kommentéiert gëtt, wat ee méi ka verdéngen. Zumindest wann een e groussen TikToker*in ass. De richtege Wee wär:
Net deelen, net stitchen, net duettéiren an net kommentéiere wann een aneren e Video gemaach huet mat Contenu, deen net an der Rei ass. Éischter direkt op der App selwer mellen. All Interaktioune mam Video kommen dem Auteur ze gutt. Wann et een ass deen Hate speech verbreet, ënnerstëtzt een dat domadder.
Wann et eppes ass, wat mat Lëtzebuerg a Verbindung ze bréngen ass: och op der BEE SECURE Stopline mellen. Dofir ass et wichteg, datt een en direkte Link notéiert an ugëtt, fir dat et een den Hate Speech Video och rëmfënnt.