
Source : BEE SECURE
3 Froen u BEE SECURE
Lire le résumé en français
L’objectif de BEE SECURE est avant tout d’initier les enfants et les jeunes, mais aussi les adultes, à une utilisation sûre d’Internet et des médias sociaux. (BEE SECURE est une initiative du gouvernement luxembourgeois qui a été lancée en 2010.)
BEE SECURE a 4 piliers d’action :
- Signalement de contenus illégaux
- Sensibilisation et information
- Orientation et conseil
- Veille
Le monde numérique est devenu incontournable. Il est donc important que les enfants et les jeunes apprennent à utiliser en toute sécurité des appareils comme par exemple les smartphones et l’Internet.
Les 3 messages clés de BEE SECURE sont les suivants :
- L’Internet n’oublie pas !
- L’Internet n’est pas une magie !
- Tu peux te protéger !
Avec sa Helpline et sa Stopline, BEE SECURE tente de lutter contre le cyberharcèlement, la haine sur Internet, le cybercrime et autres contenus illégaux.
Plus d’infos ? Checke bee-secure.lu
01. Wat ass BEE SECURE eigentlech?
BEE SECURE ass eng Initiativ vun der lëtzebuergescher Regierung (zënter 2010), déi dir hëlleft den Internet méi sécher ze notzen – egal ob s du Kand, Jonk oder Elter bass.
Si riicht sech un:
- Kanner a Jonker 👦
- Elteren
- Erzéier·innen an Enseignanten
- och u Senioren
BEE SECURE gëtt vum SNJ (Service National de la Jeunesse) an dem Kanner-Jugendtelefon (KJT) geréiert a schafft och op europäeschem Niveau mat anere Länner zesummen.
Déi 4 Piliere vu BEE SECURE:
📞 Helpline – 8002 1234
Gratis an anonym! Du kriss Hëllef bei:
- Cybermobbing
- Dateschutz
- komeschen Noriichten, Linken oder E-Mails
Eppes fillt sech net richteg un? Ruff un!
🛑 Stopline
Hei kanns du illegal Contenu mellen, zum Beispill:
- Rassismus
- Terrorismus
- diskriminéierend oder haasserfëllten Inhalt
Eng Expert·innen-Ekipp kuckt sech dat un a leet et, wann néideg, un d’Autoritéite weider.
BEE SECURE ass vill ënnerwee – online an offline:
- Formatioune fir Erzéier·innen an Enseignanten
- Elterenowenter
- Workshops a Schoulen, Lycéeën, Jugendhaiser
- Flyer, Broschüren an Online-Guiden
- Campagnen op Social Media 📢
Hëllef fannen, wann s du net weess, wat s du maache solls. 🧭
BEE SECURE hält d’Aen op, wat nei Trends a Geforen am Netz ugeet. 👀
02. Firwat ass Safer Internet Use esou wichteg fir Jonker?
Internet-Sécherheet geet eis all eppes un. Welll mir fréi Spueren am Internet hannerloossen. Heiansdo gëtt schonn an den éischten 24 Stonnen no der Gebuert eng Foto online gepost 😬 – an dës Date bleiwen do.
Déi 3 wichtegst Message vu BEE SECURE:
- Den Internet vergësst net.
- Den Internet ass keng Zauberei.
Alles ass iergendwou gespäichert – och Snapchats 😉 - Du kanns dech schützen!
Staark Passwierder, reegelméisseg Updates a kritesch denken. Behandel den Internet all Dag wéi den 1. Abrëll.
Och d’Ecran-Zäit klëmmt ëmmer méi.⏰ Dofir gouf d’Campagne „Superuser – wéi connected bass du?“ gestart.
03. Wat fir Froen hu Jonker am meeschten?
Haass am Internet ass Thema Nummer 1.
Vill Jonker schwätze vun:
- Cybermobbing
- Belästegungen
- Angscht aus WhatsApp-Gruppen ausgeschloss ze ginn
Falls engem dat geschitt soll een dat bei der Helpline mellen an no Berodung froen.
Et ass wichteg ze wëssen datt
Haass am Internet net erlaabt ass – et ass strofbar ❗An Haass ass och keng Meenung❗
Hannert all Ecran sëtzt eng Persoun, déi verletzt ka ginn. Dofir eise Message:
„Share Respect!“



