Quelle : Croix-Rouge
3 Froen un d’Claude Lamesch, Educatrice bei Jugendwunnen am Quartier Arboria
Deutsche Zusammenfassung lesen
Es gibt viele Gründe, warum junge Menschen nicht mehr in ihrem Zuhause bleiben können. Erzieherin Claude Lamesch arbeitet für das Pilotprojekt Jugendwunnen am Quartier Arboria. Die Jugendwunnen-Strukturen akzeptieren junge Menschen mit einer gewissen Autonomie. Im Gegensatz zu anderen Strukturen erlaubt Arboria ihnen zu bleiben, auch wenn sich ihre Situation ändert. Den Jugendlichen rät die Erzieherin, nicht zu schnell aufzugeben und nicht aus einer Laune heraus das Zuhause zu verlassen.
Eine Unterkunftsanfrage kann über ein online-Formular gemacht werden. Für Fragen zum Projekt Jugendwunnen am Quartier Arboria kannst du die Nummer Tel.: 2755 wählen.
1. Wat si Grënn firwat e Jonken net mi kann doheem bleiwen?
D’Grënn si ganz breetgefächert, mee déi meescht sinn zeréckzeféieren op Konfliktsituatioune mat den Elteren oder eng Sortie aus enger anerer sozialer Struktur. Aner Grënn kennen och finanziell Nout, Wunnengsnout, Migratioun a gesondheetlech Problemer sinn.
2. Dir schafft fir e Pilotprojet, wat ass besonnesch um Jugendwunnen am Quartier Arboria ?
Et gëtt jo schonn d’Formule vum logement encadré wou Jonker kennen opgeholl gi wann se net méi an der Famill kenne wunnen, respektiv ze al si fir weider am Foyer kennen ze bleiwen. Do kréien se reegelméisseg Suivi vun engem*er Educateur*rice, deen se op hirem Wee an d’Selbststännegkeet begleet.
Jugendwunnen ass geduecht fir déi Jonk déi schonn esou selbststänneg sinn, datt se net un esou eng Begleedung méi gebonne sinn, net méi kennen doheem bleiwen an awer um private Marché keng Méiglechkeet hunn, eng Wunneng ze kréien. Op fräiwëlleger Basis kann een sech bei ons awer selbstverständlech Rotschléi a punktuell Hëllefsstellunge siche kommen.
Wat ons ënnerscheet vun den anere Jugendwunnstrukturen ass, datt wann engem Jonken seng Situatioun sech verschlechtert, hien oder hat net onbedéngt muss an eng Struktur goen déi senger Situatioun ugepasst ass, mee bei ons bleiwen an zousätzlech Hëllefsstellung iwwert den Office national de l’enfance kréie kann.
3. Wat wëllt dir de Jonke mat op de Wee ginn?
Ech hunn d’Gefill datt sech déi Jonk hautdesdaags alt ze schnell entscheede fir vun doheem fortzegoen an heiansdo net genuch probéiere fir d’Situatioun an de Grëff ze kréien. Eleng ze wunne klengt immens cool, mee den Alldag ganz eleng mussen ze meeschteren nieft der Schoul / Ausbildung / Aarbecht an dat ouni Ënnerstëtzung vun den Elteren, ass net esou einfach.
Dofir mäin Rot un all Jonke: Gitt net ze schnell op a probéiert onbedéngt iech mat den Elteren auszeschwätzen. Dëst kennt dir eventuell och mat Hëllef vum Sepas maachen oder enger Persoun déi der Famill nosteet a vläicht als Intermediaire kann Ënnerstëtzung ginn.