An eiser Artikel-Serie “3 Froen un …” loosse mir Experten direkt zu Wuert kommen. Dës Kéier sinn et d’Membere vum Bureau exécutif vun der CNEL, dem nationale Schülercomité.

Source : CNEL
3 Froen un d’CNEL
Dernière modification le 29/03/2024 - ⏱️ Temps de lecture 3 minutes
Lire le résumé en français
Avec 2 représentants de chaque comité des élèves de tous les lycées du Luxembourg, la Conférence nationale des élèves (CNEL) est une sorte de comité des élèves national. Son rôle est de défendre les intérêts des élèves auprès du ministère et d’autres institutions.
Pour ce faire, les membres du bureau exécutif de la CNEL expliquent qu’ils disposent de 3 instruments :
- Les réunions où chaque comité des élèves est représenté.
- Les groupes de travail sur des sujets spécifiques.
- Le bureau exécutif composé de 5 membres élus.
Pour une année scolaire réussie, ils conseillent de :
- bien s’organiser, par exemple en répétant régulièrement ses cours.
- veiller à son sommeil pour une bonne concentration.
- trouver sa propre façon pour se détendre. Un engagement volontaire peut par exemple être une bonne compensation à l’école.
- avoir au moins une pensée positive par jour 🙂
En t’investissant dans la CNEL, tu peux t’engager avec d’autres élèves pour faire bouger les choses. Tu peux contacter la CNEL en envoyant un mail à info@cnel.lu
1. Wat ass d'CNEL?
D’Conférence nationale des élèves du Luxembourg (CNEL) vertrëtt d’Meenung an d’Interessie vun alle Schüler a Schülerinnen aus de lëtzebuergesche Lycéeën op nationalem Niveau.
D‘CNEL besteet aus jee 2 Vertrieder aus de Schülercomitéë vun all de lëtzebuergesche Lycéeën. Zesummen sinn si d’Stëmm vun de 41 000 Schüler aus dem Land. D’CNEL kann also als nationale Schülercomité ugesi ginn. Der CNEL hiert Zil ass et d’Meenung vun de Schüler virum Ministère, wei och virun aneren Institutioune, bescht méiglech ze vertrieden. Dobäi ass d’CNEL present a verschiddene nationale schoulesche Kommissiounen. D’CNEL ass de Lien tëschent de verschiddenen Schülercomitéë am Land, gräift hinnen ënnert d’Äerm a schafft mat hinnen zesummen Projeten an Avisen aus.
Fir des Ziler ze erreechen huet d’CNEL dräi Instrumenter :
- D’Sëtzungen, wou all Schülercomité vertrueden ass, sinn d’Haaptinstrument vun der CNEL a fanne reegelméisseg statt.
- Bei wichtege Sujeten rifft d’CNEL Aarbechtsgruppen an d’Liewen, wou all Member ka matmaachen a wat e weidert Instrument ass.
- D’Vertrieder vun den Lycéeën kennen och all zwee Joer bei de Walen matmaachen, fir de CNEL-Bureau exécutif aus 5 Léit ze formen, wat dat drëtt Instrument ass. Dem Bureau seng Haaptaufgaben sinn d’CNEL-Versammlungen anzeberuffen an ofzehalen, d’Interessie vun de Schüler bei Entrevuen ze vertrieden, d’Rapporten ze schreiwen, Aarbechtsgruppen ze leeden, Uspriechpartner fir CNEListen ze sinn an nach villes méi!
2. Firwat lount et sech, sech an der CNEL ze engagéieren?
D’CNEL ass ee Wee fir Demokratie an de Schoulen ze stäerken. Dir hutt eosu d’Geleeënheet är Meenung ze äusseren a gehéiert ze ginn. Falls dir also eppes wëllt änneren oder beweegen, sidd dir hei genau richteg.
Et ass eng flott Erfarung zesumme mat aneren Schüler aus dem Land e gemeinsaamt Zil ze verfollegen, sech auszetauschen an dorop hin ze schaffen!
3. Wat sinn är Tipps fir gutt duerch d'Schouljoer ze kommen?
Eng gutt Organisatioun ass wichteg, jidderee kann do seng ganz eegen Technike fannen. Dobäi gehéiert och reegelméisseg säi Cour ze widderhuelen, all Daach e bëssen, fir dass ee spéider net an de Stress verfält.
De Schlof dierf och net ënnerschätzt ginn. E gudde Schlofrhythmus kann heiansdo Wonner bei der Konzentratioun bewierken.
Et ass och wichteg, deng perséinlech Method ze fannen fir ze relaxen an et soll ee sech Zäit fir sech huelen.
Fir gutt duerch d’Schouljoer ze kommen, kann ee sech och engagéieren, op am Schülercomité, engem Club, an de Scouten…. Sou huet een en Ausgläich vun der Schoul, et sammelt ee nei Erfarungen a léiert vill bei. An däin Engagement kann en Ënnerscheed maachen!
An zu gudder Lescht: Denk all Dag un eppes Positives! 🙂