An eiser Artikel-Serie “3 Froen un …” loosse mir Experten an Organisatiounen direkt zu Wuert kommen. Dës Kéier ass et d’ACEL, den Daachverband vun de Lëtzebuerger Studentencerclen.

Quelle : ACEL
3 Froen un d’ACEL
Deutsche Zusammenfassung lesen
Die ACEL vertritt etwa 10.000 Uni- und Hochschulstudenten·innen aus 46 Studentenvereinen aus 9 verschiedenen Ländern. Damit ist die ACEL, der Dachverband der Studentenvereine, der größte Studentenvertreter Luxemburgs.
Ein Studentenverein ist eine Gruppe luxemburgischer Studenten, die sich in ihrer Studentenstadt zusammengeschlossen haben, um unter anderem Aktivitäten zu organisieren.
Die ACEL ist in drei Arbeitsgruppen unterteilt:
- Die Gruppe „Informatioun“ ist dafür zuständig Studierenden vor, während und nach dem Studium zu informieren.
- Die Gruppe „Regruppement“ sorgt für die Zusammenführung von Studierenden, sowohl im Ausland als auch in Luxemburg.
- Die Gruppe „Representatioun“ vertritt die Studierenden vor den Behörden und setzt sich für ihre Rechte ein.
Du möchtest auch Teil des Studentenvereines deiner Studentenstadt werden? Auf acel.lu findest du alle nötigen Informationen
1. Wat ass d'ACEL?
ACEL steet fir Association des Cercles d’Étudiants Luxembourgeois. Mat Memberen aus 46 Studentencerclen aus 9 verschiddene Länner representéieren si +/- 10.000 Uni- an Héichschoulstudent·innen. Domadder si si dee gréisste Studentevertrieder zu Lëtzebuerg. D’ACEL ass ideologesch a politesch neutral, dat heescht, datt si keng bestëmmt parteipolitesch Meenung vertrieden.
Kontakt iwwer contact@acel.lu oder fann si ënner acel.lu an op Social Media.
D’ACEL ass an 3 Pilieren opgedeelt:
1. Informatioun
- hu si de Site Studenteguide.lu gemaach,
- maache si reegelméisseg Visitten an de verschidde Lycéeën uechter d’Land, fir Schüler·innen iwwert hir Studieméiglechkeeten z’informéieren,
- organiséieren si alljoers Student fir 1 Dag fir de Schüler·innen bei hirer Entscheedung iwwert hir zukünfteg Studien ze hëllefen,
- hëlleft de Pilier Informatioun dem Héichschoulministère alljoers bäi der Organisatioun vun der Foire de l’Étudiant.
2. Representatioun
- Si stinn am reegelméissegem Dialog mat de verantwortleche Ministèren a kucke fir opkommend Problemer ze léisen a besser Konditioune fir d’Lëtzebuerger Student·innen auszeschaffen.
- D’ACEL ass awer net nëmmen national aktiv, mee hëlleft och de Student·innen am Ausland bei Problemer mat den Autoritéiten.
3. Regruppement
- De Studentebal, deen alljoers am Juli stattfënnt,
- de Tournoi de Noël, deen alljoers am Dezember stattfënnt,
- zesumme mam REELscomité d’Réunion Européenne des Étudiants Luxembourgeois (REEL).
2. Wat ass e Studentencercel a wéi kann ech Kontakt ophuelen?
E Studentencercel ass e Grupp vu Lëtzebuerger Student·innen déi sech an enger Studentestad zesumme fonnt hunn an ee Comité gegrënnt hunn, fir an hirer Stad Aktivitéiten ënnert de Lëtzebuerger Student·innen z’organiséieren, déi Student·innen integréieren a regruppéieren. Donieft ginn et och fachspezifesch Cerclen, déi net lännerspezifesch sinn, mee wou sech Lëtzebuerger Student·innen zesumme sëtzen, ee Comité forme fir de Schüler·innen an d‘Student·innen op Froen zu engem spezifesche Studium kënnen ze beäntweren. An de Comitéë vun dëse Cerclë komme meeschtens Leit aus verschidde Studentestied zesummen. D’Virdeeler engem Studentencercel bäizetriede, sinn ënner anerem:
- bäi Eventer nei Leit kënnen ze léieren an esou a Kontakt mat de Lëtzebuerger·innen aus der Studentestad ze kommen,
- Äntwerten op seng Froen als Student·in ze kréien
Esou kanns du mat engem Studentencercel Kontakt ophuelen:
- iwwert sozial Medien,per E-Mail,
- déi een ëmmer op den Internetsäite vun de jeeweilege Cerclë fënnt.
Du fënns Kontaktdate vun all de Cerclen am Guide du Futur Étudiant oder ënner acel.lu/cercles. Du kanns awer och ganz einfach d’ACEL froen. Si hëllefen dir gäre weider.
3. Wat fir eng Tipps huet dir fir Jonker déi hire Studium an Zäite vu Covid-19 ufänken/ugefaangen hunn?
De Wiessel vum Lycée op eng Universitéit oder Héichschoul ass an normalen Zäiten oft scho mat villen Hürde verbonnen a fir déi Student·innen, déi matzen an der Pandemie ufänken/ugefaangen hunn, sinn nach zousätzlech Schwieregkeeten dobäi komm.
Allerdéngs ass d’ACEL der Meenung, dass een sech net soll ënnerkréie loossen an dat Bescht aus der Situatioun maache soll. Wichteg dobäi ass, dass Student·innen, am Fall wou si mat Problemer konfrontéiert ginn, sief Problemer op der Uni oder mental Problemer, ni eleng wäerte sinn. D’ACEL a seng Cerclë si fir all Student·in do, wa Problemer optauchen a versiche fir all Problem Léisungen ze fannen. Donieft versicht d’ACEL mat senge Cerclë weiderhin Evenementer z’organiséiere fir Student·innen och wärend enger Pandemie zesummenzebrénge fir gemeinsam déi schwiereg Situatioun ze bewältegen!



