An eiser Artikel-Serie “3 Froen un …” loosse mir Experten an Organisatiounen direkt zu Wuert kommen. Dës Kéier ass et d’ACEL, den Daachverband vun de Lëtzebuerger Studentencercelen.
Source : ACEL
3 Froen un d’ACEL
Lire le résumé en français
L’ACEL représente environ 10.000 étudiants universitaires de 46 cercles d’étudiants de 9 pays différents. Ainsi, l’ACEL, l’Association des Cercles d’Étudiants Luxembourgeois est le plus grand représentant des étudiants au Luxembourg.
Un cercle d’étudiants est un groupe d’étudiants luxembourgeois qui se sont regroupés dans leur ville universitaire pour organiser entre autres des activités.
L’ACEL est divisée en trois groupes de travail :
- Le groupe « Informatioun » est chargé d’informer les élèves et les étudiants avant, pendant et après les études.
- Le groupe « Regruppement » s’occupe de rassembler les étudiants, à l’étranger et au Luxembourg.
- Le groupe « Representatioun » représente les étudiants devant les autorités et défend leurs droits.
Tu veux aussi faire partie du cercle d’étudiants dans ta ville universitaire ? Sur acel.lu, tu trouves toutes les informations nécessaires.
ACEL steet fir Association des Cercles d’Étudiants Luxembourgeois. Mat Memberen aus 46 Studentencercelen aus 9 verschiddene Länner representéieren si +/- 10.000 Uni- an Héichschoulstudent·innen. Domadder sinn si dee gréisste Studentevertrieder zu Lëtzebuerg. D’ACEL ass ideologesch a politesch neutral, dat heescht, datt si keng bestëmmt parteipolitesch Meenung vertrieden.
Kontakt iwwer contact@acel.lu oder fann se ënner www.acel.lu an op Social Media.
D’ACEL ass an 3 Pilieren opgedeelt:
De Pilier Informatioun
Fir dëst Zil z’erreechen :
- brénge si alljoers verschidde Publikatiounen, wéi zum Beispill de „Guide du Futur Étudiant“, de „Guide du Futur Diplômé“ oder „De Studenteguide“ eraus,
- maache si reegelméisseg Visitten an de verschidde Lycéeën uechter d’Land, fir Schüler·innen iwwert hir Studieméiglechkeeten z’informéieren,
- organiséieren si alljoers de „Student fir 1 Dag“ fir de Schüler·innen bei hirer Entscheedung iwwert hir zukünfteg Studien ze hëllefen,
- hëlleft de Pilier Informatioun dem Héichschoulministère alljoers bäi der Organisatioun vun der Foire de l’Étudiant.
De Pilier Representatioun
- Si stinn am reegelméissegem Dialog mat de verantwortleche Ministèren a kucke fir opkommend Problemer ze léisen a besser Konditioune fir d’Lëtzebuerger Student·innen auszeschaffen.
- D’ACEL ass awer net nëmmen national aktiv, mee hëlleft och de Student·innen am Ausland bei Problemer mat den Autoritéiten.
De Pilier Regruppement
Enner anerem organiséiere si:
- „De Studentebal“, deen alljoers am Juli stattfënnt,
- de „Tournoi de Noël“, deen alljoers am Dezember stattfënnt,
- zesumme mam REELscomité d’Réunion Européenne des Étudiants Luxembourgeois (REEL).
Studentencercelen
E Studentencercel ass e Grupp vu Lëtzebuerger Student·innen déi sech an enger Studentestad zesumme fonnt hunn an ee Comité gegrënnt hunn, fir an hirer Stad Aktivitéiten ënnert de Lëtzebuerger Student·innen z’organiséieren, déi Student·innen integréieren a regruppéieren. Donieft ginn et och fachspezifesch Cerclen, déi net lännerspezifesch sinn, mee wou sech Lëtzebuerger Student·innen zesumme sëtzen, ee Comité forme fir de Schüler·innen an d‘Student·innen op Froen zu engem spezifesche Studium kënnen ze beäntweren. An de Comitéë vun dëse Cerclë komme meeschtens Leit aus verschidde Studentestied zesummen. D’Virdeeler engem Studentencercel bäizetriede, sinn ënner anerem:
- bäi Eventer nei Leit kënnen ze léieren an esou a Kontakt mat de Lëtzebuerger·innen aus der Studentestad ze kommen,
- Äntwerten op seng Froen als Student·in ze kréien
Kontakt
Esou kanns du mat engem Studentencercel Kontakt ophuelen:
- iwwert sozial Medien,
- per E-Mail, déi een ëmmer op den Internetsäite vun de jeeweilege Cerclë fënnt.
Du fënns Kontaktdate vun all de Cerclen am „Guide du Futur Étudiant“ oder ënner www.acel.lu/cercles. Du kanns awer och ganz einfach d’ACEL froen. Si hëllefen dir gäre weider.
De Wiessel vum Lycée op eng Universitéit oder Héichschoul ass an normalen Zäiten oft scho mat villen Hürde verbonnen a fir déi Student·innen, déi matzen an der Pandemie ufänken/ugefaangen hunn, sinn nach zousätzlech Schwieregkeeten dobäi komm.
Allerdéngs ass d’ACEL der Meenung, dass een sech net soll ënnerkréie loossen an dat Bescht aus der Situatioun maache soll. Wichteg dobäi ass, dass Student·innen, am Fall wou si mat Problemer konfrontéiert ginn, sief Problemer op der Uni oder mental Problemer, ni eleng wäerte sinn. D’ACEL a seng Cerclë si fir all Student·in do, wa Problemer optauchen a versiche fir all Problem Léisungen ze fannen. Donieft versicht d’ACEL mat senge Cerclë weiderhin Evenementer z’organiséiere fir Student·innen och wärend enger Pandemie zesummenzebrénge fir gemeinsam déi schwiereg Situatioun ze bewältegen!