Source : Photo by Markus Spiske on Unsplash

“Mir hoffen, datt och elo d’Klimaziler net vergies ginn”

E puer Froen un Youth for Climate

27/04/2020

Agence Nationale pour l’Information des Jeunes (ANIJ): Vill vun eis setze lo schonn iwwert e Mount doheem. Et gëtt alles drugesat fir d’Pandemie anzedämmen oder an de Grëff ze kréien. Kann een d’Coronakris an d’Klimakris matenee vergläichen?

Jerry: Also déi éischt Saach déi wichteg ass kloer ze stellen ass dat de Klimawandel keen direkten Impakt op d’Coronakris huet, sou wäit d’WHO (World Health Organisation). Trotzdeem kann e verschidden Elementer vergläichen. De CoViD-19, an eben awer och de Klimawandel, sinn als Krisen unzëerkennen, vun der Politik, mee awer och vun der Bevëlkerung. Dëst ass beim Coronavirus ganz kloer, beim Klimawandel leider net, weder vun der Politik, nach vun der breeder Bevëlkerung. Dat läit drun, dat d’Konsequenze vun der aktueller sanitärer Kris direkt den eenzele Bierger betrëfft. D’Klimakris ass eng méi abstrakt Gefor.

E weidere Verglach ass wuel d’Wichtegkeet vun der internationaler Solidaritéit. An Krisenzäiten ass all Form vun Zesummeschaffen noutwenneg. Bei der aktueller Kris ass dëst leider och nëmmen Deels ze gesinn. D’Länner fokusséieren sech op hiert eegent Land, maachen d’Grenzen zou, wat méi nationalistesch Stréimunge stäerkt wéi d’Ausbreedung vum Coronavirus ze stoppen. An genau dorënner léiden elo schon vill Läit, zum Beispill d’Flüchtlingen. Weider Vergläicher si schwiereg an deels och geféierlech, well déi zwou Krisen sou verschidde sinn a ganz individuell Moossname brauchen. Ech woen awer ze soen dat een unhand vun dëser Kris geséit wéi effektiv direkt Verbueter a Limitatioune sinn. Stellt iech mol vir et géif een dem Vollek a sengem gesonde Mënscheverstand einfach vertrauen, ouni kloer Verbueter vumMinister, da géifen sech vill méi Léit net drun halen. Genau dat passéiert awer an der Klimakris: D’Politik scheit sech kloer an effektiv Gesetzer ze stëmmen a gëtt dem Vollek d’Responsabilitéit.

ANIJ:  Wat stellt dir iech fir vun der Politik an der Bevëlkerung, gëtt et wierklech en Ëmdenken?

Lo am Ament kann een net vun engem Ëmdenke schwätzen. Déi hei Moossname si jo net d’Konsequenz vun engem Ëmdenken an der Bevëlkerung. Et si kloer Verbueter a Limitatiounen, déi d’Léit zwéngen Doheem ze bléiwen. Sou wéi gesot wa mir déi net hätten, géifen d’Stroossen net sou eidel sinn. Verännerung och an der Klimakris muss vun der Politik ausgoen. Mir hoffen datt och elo d’Klimaziler net vergiess ginn.

ANIJ: Wéi ass et bei deene Jonken? Huet di aktuell Kris eppes verännert?

Reell Verännerung warscheinlech kaum. Natierlech ginn et Jonker, déi sech elo ubidde fir ze hëllefen. Awer et kann ee lo net soen datt déi Jonk am grousse Ganze méi solidaresch gi sinn. Op alle Fall mierke mir keng Verännerung, déi sech lo positiv op d’Klimabeweegung auswierke kéint.

ANIJ: Wat kann ee selwer maache fir säin Impakt op d’Ëmwelt ze reduzéieren?

Natierlech kann een säin Alldag méi Emissiounsneutral gestalten: Manner Fleesch; keng Konzerner ënnerstëtzen, déi klimaschiedlech sinn; méi ëffentlechen Transport (woubäi e sech lo am Ganzen sou wéineg wéi méiglech soll beweegen). Mee dat soll onofhängeg vun der Coronakris sinn an och net am Fokus vum Klima-Aktivismus stoen. Sou wéi gesot, d’Verännerung muss vun der Politik ausgoen, wat den eenzele ka maachen, ass Drock op d’Politiker ausüben. Genau dat probéiere mir, als Youth for Climate, ze maachen.

Du, wann’s de dat grad lies, wat’s de definitiv mëss, kanns eis gären ënnerstëtzen. All Dënschden um 17 Auer treffe mir eis (an dëser Zäit natierlech iwwer Videokonferenz) an iwwerleeën eis wéi mir d’Regierung dozou bréngen eppes z’änneren. Wann s de keng Zäit hues, dann informéier dech iwwer de Klimawandel an engagéier dech, sou wéi et dir am Beschte geet.

ANIJ: Wéi geet et weider? Demonstratiounen si jo lo mol di nächst Zäit net méiglech…

Physesch Demonstratioune sinn natierlech grad net méiglech. Mee mir ginn eis awer drun weider op de Klimawandel opmierksam ze maachen. Sou verëffentleche mir an der nächster Zäit spezifesch Fuerderungen, wat mir an dëser spezieller Situatioun vun der Regierung

erwaarden. Do da niewent ginn et Online-Demonstratiounen a Präsentatiounen iwwer de Klimawandel all Freiden op YouTube an op Zoom, déi si vun der Internationaler Fridays for Future Beweegung organiséiert.

ANIJ: Wat fir Repercussiounen huet d’Klimakris op Lëtzebuerg?

Also fir d’éischt muss e soen dat mir, als Europäer, net déi Haaptaffer sinn. Am Verglach mam globale Süden, si mir an den éischte Phase vun der Klimakris éischter wéineg betraff. Dat heescht awer net net datt mir näischt solle maachen. Mir, als westlech Populatioun, sinn nämlech e vun den Haaptverursaacher vun der Klimakris. An do da niewent musse mir äis op eng Réi vu Problemer virbereeden, zum Beispill:

  • eng immens grouss Well vu Flüchtlingen, niddereg Schätzung gi vun 200 bis 250 Milliounen (IPCC) Klimaflüchtlingen aus, aner Sourcë schwätze vun enger Milliard.
  • méi Naturkatastrophen
  • méi Pandemien (nach eng Kéier: de Coronavirus selwer huet keen direkten Zesummenhang mam Klima)
  • schmëlze vu Gletscher, Schigebitter
  • méi Dréchenten
  • Schlecht Recolten
  • Iwwerschwemmungen
  • Bëschbränn
  • … d’Lëscht ass laang

 

Merci Jerry a Youth for Climate Lëtzebuerg!

Hei gëss du méi iwwert Youth for Climate gewuer: FacebookInstagram oder youthforclimate.lu

Est-ce que cet article a été utile ?

Autres articles