An eiser Artikel-Serie “3 Froen un …” loosse mir Experten an Organisatiounen direkt zu Wuert kommen. D’Stéphanie Damgé ass déi fréier Direktesch vun der ASBL “Jonk Entrepreneuren Luxembourg”.

Source : Stéphanie Damgé
3 Froen un d’Jonk Entrepreneuren Luxembourg
Lire le résumé en français
Apprendre à entreprendre ! C’est en suivant cette devise que l’asbl « Jonk Entrepreneuren Luxembourg » (JEL) a été fondée en 2005 afin de perpétuer et de dynamiser le mouvement « esprit d’entreprendre » au niveau de l’enseignement luxembourgeois. 🚀
En organisant des projets à chaque niveau de l’enseignement luxembourgeois, la JEL a deux objectifs principaux :
- expliquer et apprendre aux jeunes tout au long de leur cursus scolaire que le statut d’indépendant est une alternative concrète à l’emploi salarié,
- donner le goût d’entreprendre, d’innover, de créer et de prendre des initiatives. 🌱
1. Wat ass d'ASBL Jonk Entrepreneuren Luxembourg?
D’ASBL “Jonk Entrepreneuren Luxembourg” (JEL) huet als Missioun den “esprit d’entreprenariat” bei de Jonke vun 9 bis 25 Joer ze fërderen a si esou besser ob hir Zukunft virzebereeden. Duerch déi Programmer déi d’JEL ubitt, léieren déi Jonk ënner anerem eppes ze gestalten, kreativ an innovativ ze sinn. 🎨 Si léieren och Initiativ z’ergräifen, Responsabilitéiten ze iwwerhuelen, an Ekippen ze schaffen an ze kommunizéieren, sech kontinuéierlech unzepassen, Léisungen ze fannen an net opzeginn. Et geet awer och dorëms, dass déi Jonk gesi wéi eng Entreprise funktionéiert, wat en Entrepreneur mécht, a wat et vu Beruffer ginn.
Déi Beräicher, déi ofgedeckt ginn, sinn :
- Entrepreneuriat
- Éducation financière
- Développement durable
- Orientation
- Employabilité
2. Wat fir Programmer bitt dir fir Jonker un? Ginn dës Programmer nëmmen an de Schoulen organiséiert oder och ausserhalb?
Mir bidden am Ganzen 12 Programmer op de verschidden Niveaue vum Enseignement zu Lëtzebuerg un. All dës Programmer baséieren sech ob praktesch Erfarungen, also d’ Approche “ learning by doing “, dat heescht de Jonke gestallt ee Projet aktiv mat a kann dat uwenden, wat en an der Schoul geléiert huet. 🛠️
Enseignement fondamental :
Enseignement secondaire :
- You(th) start challenges
- My first enterprise
- Les mini-entreprises
- Engineering Trainee Days
- Junior Project Awards
- Innovation Camp
- Entreprises d’entrâinement
- Fit For Life
- Job Shadow Day
Enseignement supérieur :
En Deel vun dëse Programmer fënnt an de Schoule statt, en aneren Deel an den Entreprisen. An all Programm kritt de Jonken d’Méiglechkeet, mat Volontairen aus der Privatwirtschaft a Kontakt ze kommen, Volontairen déi déi Jonk mat hirem Profil an hirer Passioun inspiréieren, an déi hir wäertvoll Erfarung an hiert Wësse mat de Jonken deelen. 🌟 An engem Joer maachen iwwert 400 Volontairen an de verschidden Aktivitéite mat.
3. Wat fir eng Tipps hutt dir fir Jonker, déi sech gäre selbststänneg maache wëllen?
Géi dengen Dreem no!
Wann ee Jonke sech wëllt selbstänneg maachen, ass den éischte Schratt, drun ze gleewen a sengen Dreem no ze goen. ☁️
Gëff aktiv!
De Jonke ka gäre fir d’éischt bei eisen Aktivitéite matmaachen, fir esou, zum Beispill, säi Projet an engem protegéierte Kader auszeprobéieren, an/oder ze gesinn, ob esou säin Interessi fir den Entreprenariat bestätegt gëtt.
Vernetzung
Falls du elo scho méi wäit bass, an dech richteg lancéiere wëlls, ass et wichteg erauszegoen, mat Experten an Acteuren aus dem Beräich ze schwätzen, däi Reseau opzebauen. 🤝 Och ginn et hei interessant Initiativen, wou ee ka matmaachen, fir Ënnerstëtzung ze kréien.



