An eiser Artikel-Serie “3 Froen un …” loosse mir Experten an Organisatiounen direkt zu Wuert kommen. Dës Kéier ass et d’Vanessa Gabriel, Coach zu Lëtzebuerg fir Jonker an Erwuessener.
Source : vanessagabriel-coaching.com
3 Froen un e Coach
Lire le résumé en français
Vanessa Gabriel est un coach certifié pour adultes et pour jeunes. Avec les jeunes, son travail consiste surtout à leur faire comprendre qu’ils sont maîtres de leur vie et de leur bonheur. Qu’ils ne devraient pas trop compter sur les autres, mais avant tout sur eux-mêmes.
Concrètement, un coach peut t’aider à :
- gérer tes émotions
- gérer ton stress et ta concentration
- te préparer mentalement à des épreuves, des compétitions ou des concours
- parler en public
- faire face au harcèlement
- te développer au sein d’un groupe
- devenir plus autonome
Alors, si tu as besoin d’un coup de pouce pour gérer ton quotidien, n’hésite pas à contacter Vanessa ou un autre coach certifié. Un premier entretien préliminaire est généralement sans engagement et gratuit.
Generell besteet e groussen Deel vun der Aarbecht als Coach dorausser, de jonke Leit kloer ze maachen, dat si hiert Liewen an hiert Gléck selwer an der Hand hunn. Si solle sech net ze vill op anerer verloossen, mee virun allem op sech selwer.
Fir ee klengen Ustouss gëtt d’Vanessa e puer Tipps, déi si an hiere Sëtzunge gëtt.
Think positive! So Stopp zu ze vill negativ Gedanken!
D‘ Gehier kann een trainéiere fir méi positiv ze denken. Entscheet, ob du méi op di negativ oder di positiv Säit kucks. Konzentréier dech op dat, wat s du verännere kanns. Verléier keng Energie op dat wat s du net ännere kanns. Akzeptéier och deng schlecht Gedanken. Si ginn iergendwann eriwwer. Et kann een net all Dag gutt drop sinn.
Move! Beweeg dech!
Beweegung deet dengem Kierper an denger Séil gutt! Sport ass eng ganz effektiv Aart a Weis, fir ofzeschalten an d’Zelle mat frëschem Sauerstoff ze versuergen.
Wéi eng Sportaart géing dier gefalen? Fänk am beschten haut nach un!
Limits! Setz dir deng eege Grenzen beim Smartphone/Gamen/Social Media!
Maach dir bewosst, dass dat wat um Smartphone geschitt a gewise gëtt, net ëmmer der Realitéit entsprécht! Et ass wichteg, eng Distanz ze halen an net dran ze versenken!
Meet! Treff dech mat Leit, déi dir gutt dinn! Schwätz mat hinnen iwwert deng Dreem/ Ziler/ Suergen!
Du wäers mierken, vill hu genee déi nämmlecht Gedanken a Suergen. Et hëlleft schonn oft, iwwert e Gefill ze schwätzen, zum Beispill iwwert eng Angscht, fir sech ze entlaaschten. Iwwerlee, mat wiem s du gutt schwätze kanns, wiem s du gären nolauschters. So ‚Nee‘ zu deenen, déi dir net gutt dinn!
Chill! Ganz bewosst emol erofkommen!
Den Alldag ass oft stresseg. Et ass wichteg, sengem Kierper d’Geleeënheet ze ginn, ze entspanen an erëm Kraaft ze huelen. Maach e « Powernap »- D’Schlofen, déi natierlechst Method, fir sech ze erhuelen. Am Dag kann een sech mol kuerz hileeën a schlofen.
Music! Lauschter schéin, cool Musek!
Musek huet eng grouss Kraaft op eis Gefiller. Sie ka berouegen, entspanen, motivéieren a glécklech maachen.
Be creative! Maach eppes Kreatives, dréck dech mat Konscht aus!
Jiddwereen huet Kreativitéit an sech. Andeems ee kreativ eppes gestalt kann ee Gedanken a Gefiller ausdrécken, iwwert déi een zB net schwätze kann. Iwwerlee dir, woumat du gären eppes géings maachen! Et fënnt ee vill kreativ Theme mat Tutorials op Youtube.
Ask for advice! Fro aner Leit no Léisungen
Et kann een net alles eleng léisen. Et ass eng Stäerkt fir anere Vertrauen ze schenken an em Hëllef ze froen. Di meescht Leit si frou wann sinn em Hëllef gefrot ginn.
Profitéier zum Beispill. vun der Erfarung vu mi eeler Leit oder denger Elteren / Grousseltere fir dier ze hëllefen.
Try something new!
Probéier mol eppes Neies!
Iwwerlee a wat du gutt bass. Konzentréier dech dorop amplaz op deng Schwächen.
Believe!
Gleef un dech!
Denk un eppes, wat dech stolz gemaach huet: eng gutt Epreuve, engem eng Freed gemaach. Denk intensiv un dee Moment, wéi s du stolz op dech waars a verbann dech mat dem Gefill, wat s du an där Situatioun has. Maach deng Aen dobäi zou an otem puer mol roueg 5 Sekonnen an a 5 Sekonnen aus. Maach dëst 2-3mol am Dag. Feel the change!
Body language!
Deng Kierperhaltung mécht vill aus!
Géi mat gestrecktem Réck duerch d’Géigend, hal dech net kromm, hal de Kapp erop – du wäers dech wonneren, wat d’Kierperhaltung fir di aner Leit an fir dech selwer ännert! Probéier et aus!
Get help!
Géi dir Hëllëf sichen!
Fro Leit, deenen s du vertraue kanns, em Hëllef! Wann ee mat anere schwätzt, mierkt een oft, dat een net den eenzegen ass, deen u sech selwer zweiwelt a wat ee manner eleng ass, wat ee sech besser fillt.
What are your strenghts?
Kuck mol bewosst, wat deng Stäerkte sinn!
Du hues esou vill Stäerkten an Talenter an dir. Iwwerlee a wat s du gutt bass. Konzentréier dech dorop amplaz op deng Schwächen. Bleif zouversichtlech a fäert net, eppes Neies auszeprobéieren!
Maach Sport!
Duerch Sport kriss du e bessert Kierpergefill. Du kanns dech mat aneren umoossen, dir eege Leeschtungsziler setzen. An engem Grupp erliefs du, wéi aner op dech zielen an sech op dech verloossen.
Probéier et aus! 📢
- Fänk eventuell un, owes opzeschreiwen oder am Kapp ze notéieren, wat um Dag flott war, wou s du Spaass has, wat s du gutt gepackt hues, wouriwwer s du dankbar bass! Esou kënns du an eng méi positiv Stëmmung fir anzeschlofen.
- Iwwerlee, mat wiem s du gutt schwätze kanns, wiem s du gären nolauschters. So ‚Nee‘ zu deenen, déi dir net gutt dinn!
- Maach Musek un, danz, sang mat, oder maach selwer Musek, am beschte mat aneren zesummen!
- Den Handy bewosst fir eng Stonn fort leen. Owes vun 21 Auer un an der Schlofkummer ass No Mobile Zone. Probéier et eng Woch aus.