An eiser Artikel-Serie “3 Froen un …” loosse mir Experten direkt zu Wuert kommen. Dës Kéier ass et de CIP vun d’Ligue Luxembourgeoise d’Hygiène Mentale.
Source : L'équipe du Centre d'Information et de Prévention de la Ligue
3 Froen un de CIP vun der Ligue
Lire le résumé en français
La Ligue propose divers services et formations en rapport avec la santé mentale. Elle offre des soins accessibles à tous, quelles que soient leurs ressources. Elle est divisée en 3 pôles :
- Pôle Information et Prévention dont la mission est d’informer, sensibiliser et de contribuer à une déstigmatisation des maladies mentales.
- Pôle insertion dont le but est de faciliter l’insertion des personnes souffrant de problèmes psychiques à travers un service de logement, d’emploi et de loisirs.
- Pôle traitement qui offre des consultations et un accompagnement gratuits aux adultes, qui souffrent de troubles psychiques ou de problèmes de santé mentale.
C’est quoi le PSSM ?
Il est essentiel d’apprendre à prendre soin de son bien-être mental et de celui de nos proches. Tout comme les premiers secours physiques, les cours de premiers secours en santé mentale sont une compétence précieuse qui peut aider à sauver des vies et ceux qui traversent des difficultés émotionnelles.
Les premiers secours en santé mentale sont l’aide apportée à une personne chez qui un trouble psychique se développe, ou qui est en état de crise. Cette aide peut être très diverse. Par exemple un premier entretien ou un accompagnement pour aller chercher de l’aide. Les premiers secours en santé mentale sont donnés, comme les premiers secours en santé physique, jusqu’à ce qu’une aide professionnelle prenne la relève ou que la crise passe.
Les cours de PSSM te permettront
- d’avoir des connaissances de base les troubles et crises psychiques;
- d’acquérir les compétences nécessaires pour reconnaître et identifier les signes précoces de difficultés psychiques;
- de venir en aide aux personnes dans le besoin et de les aborder sans jugement;
- d’encourager une personne en souffrance psychique à rechercher une aide professionnelle.
Consulte le site de la Ligue pour en savoir plus sur eux ou consulte Prévention-Psy pour t’inscrire aux cours de Premiers secours en santé mentale !
Et ass wichteg ze léiere wéi een enger Persoun aus sengem Entourage ënnerstëtze ka wann ee mierkt dass et engem net gutt geet. Genausou wéi Éischt-Hëllef (physesch), ginn Éischt-Hëllef-Coursë fir psychesch Gesondheet engem wäertvoll Kompetenzen, déi hëllefe kënnen, Liewen ze retten a Persounen z‘ënnerstëtzen, déi emotional Schwieregkeeten hunn. D’Coursen droen och zu enger Entstigmatiséierung vu psycheschen Erkrankungen bäi.
Éischt-Hëllef fir psychesch Gesondheet ass déi Hëllef, déi een enger Persoun leescht, déi Unzeeche vu psychesche Problemer weist oder an enger psychescher Kris ass. Dës Hëllef ka ganz ënnerschiddlech sinn. Et kann zum Beispill en éischt Gespréich sinn oder d’Ënnerstëtzung kann dorausser bestoen, eng Persoun ze begleeden, sech Hëllef ze sichen.
Wéi ginn d’Inhalter vum Éischt-Hëllef-Cours fir psychesch Gesondheet vermëttelt ?
Theoretesch Inhalter
Videoen an Diskussiounen
Praktesch Übungen a konkret Fallbeispiller
PSSM Standard
PSSM YOUTH
PSSM TEEN
Erwuessener léieren am Éischt-Hëllef-Cours fir psychesch Gesondheet, wéi si een aneren Erwuessene kënnen ënnerstëtzen, dee psychesch Problemer huet oder an enger psychescher Kris ass. Am Cours léiers du:
Unzeeche vu psychesche Problemer z‘erkennen an déi concernéiert Persoun drop unzeschwätzen;
Informatiounen ze ginn a jee nodeems, professionell Hëllef ze recommandéieren;
wéi wichteg et ass d’Persoun dobäi ze ënnerstëtzen, hir eege Ressourcen ze aktivéieren;
eng Persoun z‘ënnerstëtzen, där et net gutt geet, andeems du dir Zäit hëls fir nozelauschteren ouni ze jugéieren;
wéi ee mat enger Persoun an enger psychescher Noutsituatioun (z.B. Panikattach) ëmgeet.
Als Jugendleche léiers du am Éischt-Hëllef-Cours fir psychesch Gesondheet Teen, wéi s du engem anere Jonke mat psychesche Problemer oder an enger psychescher Kris kanns hëllefen, sech un en Erwuessenen ze wenden, dee responsabel a vertrauenswierdeg ass:
- en Elterendeel
- en Trainer
- en Enseignant
- e SePAS-Mataarbechter oder en Educateur
- den Hausdokter
- e Secouriste PSSM
Jonk Secouriste léieren am Éischt-Hëllef-Cours Teen:
👉Warnsignaler vu psychesche Problemer a psychesche Krisen z’erkennen
👉eng éischt Ënnerstëtzung ze ginn,
👉den anere Jonken ze schützen, andeems si Hëllef siche gi bei e vertrauenswierdegen Erwuessenen.
D’Coursë ginn engem d’Wësse wéi een Informatiounen zu psychesche Gesondheetsprobleemer ka weiderginn an esou professionell Hëllef méi einfach an Usproch geholl ka ginn.
e Bewosstsinn ze entwéckele fir wäertfräi nolauschteren a kommunizéieren ze kënnen an dat néidegt Selbstvertrauen ze kréien, fir op passend Aart a Weis ze handelen an ze hëllefen.
fréi d‘Warnsignaler vun engem psycheschen Noutzoustand a vu psychesche Gesondheetsproblemer wéi Angschtstéierungen, Anxietéit, Depressioun, Iessstéierungen, a Suizidgedanken z‘erkennen.
D‘ Entstigmatiséierung vun psycheschen Erkrankungen: D’Coursë sensibiliséieren iwwer d’Wichtegkeet vu psychescher Gesondheet an hëllefen am Kampf géint de Stigma, andeems se Fakte weiderginn a Wuelbefanne fërderen.
d’Promotioun vun enger Ënnerstëtzungs- a Empathiekultur fir eng kollektiv Resilienz an der Gesellschaft opzebauen. Sou dass d’Mënsche géigesäiteg openeen oppassen an sech hëllefe wann et engem net gutt geet.